EtüdZéngdausenden Infektioune wéinst Querdenker-Demoen

RTL Lëtzebuerg
Ouni Mask an ouni Ofstand goufen dat leschte Joer vill Querdenker op den Demoe gesinn. Dëst huet en Impakt op d'Iwwerdroung vum Virus gehat.

Wieren dës Demoen net gewiescht, hätt ee wuel ganz vill Infektioune bei eisen Nopere verhënnere kënnen. Well zéngdausende Leit waren aus ganz Däitschland reegelméisseg op Berlin oder Leipzig gepilgert, fir do géint d’Corona-Mesuren ze manifestéieren.

Kuerz no dëse Maniffe sinn a ville Landkreesser bei eisen Noperen d’Zuelen an d’Luucht geschoss. Séier koum de Verdacht, datt grad a méi ländleche Regiounen dës staark Hausse mat Ausflich op Querdenker-Demoen ze dinn hat.

Dëst konnte Fuerscher vun der ZEW Mannheim an der Uni Humboldt zu Berlin elo confirméieren. Wieren d’Demoen annuléiert ginn, hätt ee viru Chrëschtdag eng 16.000 bis 21.000 Fäll manner kéinten hunn.

Fir dës Etüd hunn d’Fuerscher méi Faktore berécksiichtegt. D’Zuel vun AfD-Wieler, d’Partei spillt d’Gefor vum Virus jo ëmmer nees erof, an engem Landkrees gouf mat den Zuele vun de Impfunge géint d’Riedele verglach. Gouf et an engem Krees vill AfD-Wieler a wéineg Riedel-Impfungen, kann een dovunner ausgoen, datt hei vill Corona-Skeptiker liewen, esou d’Fuerscher.

Awer och huet ee sech ugekuckt, wéi vill spezialiséiert Busentreprisen aus enger Géigend zu den Demonstratioune gefuer sinn. De Gros vun de Querdenker hunn op Busser vun “Honk for Hope” zeréckgegraff, eng Entreprise, déi selwer engem Querdenker gehéiert. D’Infektioune goufen an de Regiounen, wou déi Busser zirkuléieren, mat deene verglach, wou se net fueren. An an der “7-Tage-Inzidenz” louchen d’Regiounen, wou “Honk for Hope” fiert, méi héich, an der Moyenne bal ëm 40.

E Risiko fir d’Gesondheet wiere sougenannt “Mobile Minderheiten” - Leit also, déi sech net un d’Corona-Mesuren halen a vill ënnerwee sinn.

Awer net ëmmer mussen Demonstratiounen och zu Superspreader-Events ginn. Esou hätt et seele gréisser Verbreedunge vum Virus no de Protester vun der “Black Lives Matter"-Beweegung an den USA ginn, well d’Leit sech hei meeschtens un d’Mesurë gehalen hunn. An dës Demonstratioune waren all gréisstendeels am Summer.

Back to Top
CIM LOGO