Grouss Manifestatiounen an ÉisträichZu Wien eleng hu sech Schätzunge vun der Police no 44.000 Mënsche versammelt

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréisste vun den insgesamt 32 ugemellte Manifestatioune war vun der riets-nationaler Partei FPÖ organiséiert ginn.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg oder an Holland gi Leit géint COVID-Mesuren op d’Strooss – och an Éisträich an speziell an der Haaptstad Wien waren och dësen Weekend erëm besuergten Bierger op den Been. Eng Korrespondenz vu Wien vum Pol Edinger.

E Samschdeg goufen et a ganz Éisträich iwwer 4.400 Neiinfektiounen, 67 Doudesfäll an 573 Patienten op Intensivstatiounen. Dat huet allerdéngs eng sëllege Leit net dovun ofgehalen, géint d’Coronamesuren demonstréieren ze goen. Zu Wien eleng hunn sech Schätzungen vun der Police no 44.000 Mënschen versammelt. Déi Gréisste vun den insgesamt 32 ugemellten Manifestatiounen war vun der riets-nationaler Partei FPÖ organiséiert ginn. Hire Chef, den Herbert Kickl, huet sech zanter kuerzem vun enger COVID-Infektioun erholl an huet d’Haaptried gehalen. Seng Partei huet eegenen Aussoen no 100.000 Manifestanten, déi sur place gewiescht wieren, Merci gesot.

Manifestatioune géint d‘Coronamesurë ginn et an Éisträich jo scho méi laang. Allerdéngs klëmmt d’Zuel vun den Leit, déi dorun deelhuelen, ganz staark. Och d’Gewaltbereetschaft geet an d‘Luucht. E Samschdeg goufe 4 Leit festgeholl an et goufe Plainte wéinst illegaler Pyrotechnik gemaach. Och Journalist*innen si mat Schnéiklatzen oder Äisstécker attackéiert ginn. Eleng zu Wien ware 1.400 Beamten vun der Police am Asaz. Net nëmmen de Lockdown, deen dëse Sonndeg no zwou Wochen op en Enn gaangen ass, ma och d’Diskussioun ronderëm eng generell Impfflicht suerge fir hëtzeg Gemidder.

D‘Impfflicht soll iwwerdeems vu Februar u gëllen, an dat fir all Mënsch vu 14 Joer un, ausser schwanger Fraen, Leit déi nees geheelt sinn an och Persounen, déi aus gesondheetleche Grënn keng Impfung duerfe kréien. Strofe fänken bei 600€ un a kënne bis op 3.600€ klammen. All dräi Méint kann dobäi eng weider Strof ufalen, sollt ee sech weider weigeren, sech impfen ze loossen. A Kraaft bleiwe soll d’Impfflicht-Gesetz bis Januar 2024.

D’Infektiounszuele sinn an Éisträich zwar erofgaangen, allerdéngs wäert d’Chrëschtgeschäft an d’Feierdeeg zu sëllege Kontakter féieren. An och d’Omikron-Variant ass schonn an Éisträich nogewise ginn. Wéi sech d’Maniffen also weider entwéckelen, hänkt dowéinst och staark vun den Infektiounszuelen of.

Back to Top
CIM LOGO