
Dëst huet eng Spriecherin vum Kölner Parquet e Mëttwoch erkläert, präzis Donnéeën zum Doudegen huet si net ginn. D’Zuel un Doudesaffer geet domat op 6 erop, eng weider Persoun gëtt nom Groussbrand nach vermësst.
Déi schwéier Explosioun war um leschten Dënschdeg duerch 3 Tanke mat organesche Léisungsmëttel dran ausgeléist ginn. No éischte Schätzunge vum Betrib waren an den Tanke ronn 600.000 bis 900.000 Liter Léisungsmëttel.
No Informatioune vun der Kölner Police goufe beim Ongléck 31 Mënsche blesséiert, een dovu schwéier. De Bedreiwer hat an der leschter Woch erkläert, datt et keng Hoffnung méi géif ginn, déi vermësste Persoune lieweg erëmzefannen.