En Donneschdeg den Owend huet den tierkesche Katastropheschutz matgedeelt, dass eleng an der Tierkei op d’mannst 17.134 Mënsche beim Biewen ëm d’Liewe komm wieren. Déi Zuel ass e Freideg am Laf vum Dag awer nach weider geklommen
Op der syrescher Säit vun der Grenz wieren, den offiziellen Zuelen no, iwwer 3.300 Mënsche gestuerwen. Um Freideg den Owend huet een op béide Säite vun der Grenz vun zesumme ronn 23.000 Doudesaffer geschwat.
D’Biergungsaarbechte gi weider, och mat auslännescher Hëllef. Am Normalfall geet een dervun aus, dass no 72 Stonne keng Iwwerliewender méi fonnt ginn. Mä kee wëll d’Hoffnung opginn, a Beispiller aus der Vergaangenheet hu gewisen, dass och dono ëmmer nach Leit fonnt ginn, déi iwwerlieft hunn.
Matzen an der Verzweiwlung am tierkesch-syresche Äerdbiewegebitt gouf et en Donneschdeg den Owend e kuerzen Ament vun Hoffnung. Méi wéi 80 Stonnen no der Katastroph konnt an der staark betraffener tierkescher Stad Antakya e 16 Joer jonkt Meedchen aus de Ruinen vun enger Residence gerett ginn.
Wéi ënnert anerem den “Trierischer Volksfreund” e Freideg mellt, wieren iwwerdeems zwee Pompjeeën aus Tréier un der Rettung vun enger Mamm an hirem Kand bedeelegt gewiescht. D’Secouriste si mat der Hëllefsorganisatioun @fire am Asaz an der Tierkei.
Gutt 100 Stonnen nom Äerdbiewe koum um Freideg an der Mëttesstonn d’Meldung, dass am tierkesch-syresche Grenzgebitt och nach eng Fra konnt gerett ginn.
D’EU-Kommissiounpresidentin Von der Leyen wëll Ufank Mäerz eng Donateurskonferenz fir béid Länner organiséieren. D’Weltbank huet der Tierkei 1,6 Milliarden Euro zougeséchert.
Betraffe Leit op der Plaz bekloe sech iwwerdeems, dass keng Hëllef ukomm ass, géint d’Keelt. Vill Leit misste weider, och d’Nuechten, ënner fräiem Himmel verbréngen.

Den tierkesche President Erdogan, dee betraffe Gebidder um Mëttwoch besicht huet, huet sech entschëllegt, dass d’Hëllef ze spéit ugelaf wier, mä op esou eng Katastroph kéint een einfach och net preparéiert sinn.

Aus Lëtzebuerg ass et en Donneschdeg d’Nouvelle, datt eng zweet Persoun an déi sinistréiert Regioun reest, fir op der Plaz ze hëllefen. De Member vum Humanitarian Intervention Team vum CGDIS, en Expert am Beräich vun der Logistik, wäert an der Tierkei an den Asaz kommen.

Schonn en Dënschdeg den Owend ass e Spezialist vum Asazgrupp fir humanitär Interventioune vum CGDIS, deen Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ass, fir eng humanitär Missioun an d’Tierkei gereest.
D’Lëtzebuerger Kooperatioun hëlleft den Äerdbiewenaffer an der Tierkei an a Syrien iwwerdeems an enger éischter Phas mat ronn 1 Millioun Euro. Et géif ee mat deene Sue verschidde Partner op der Plaz an hir humanitär Operatiounen ënnerstëtzen, schreiwen den Ausseministère an d’Direction de la coopération en Donneschdeg den Owend.
500.000 Euro si fir dat internationaalt Rout Kräiz an de Rouden Hallefmound geduecht. Donieft hunn d’Lëtzebuerger ONG’en Handicap International Lëtzebuerg, Care Lëtzebuerg an d’Caritas annoncéiert, fir Urgenceprojeten eranzereechen. De Grand-Duché huet och schonn en éischte Satellitendispositif vun emergency.lu an d’Provënz Haya an d’Tierkei geschéckt. En zweete gouf de belschen Equippen zur Verfügung gestallt. An et seet ee sech prett fir zousätzlech Hëllef ze liwweren.
