De Bilan no den Äerdbiewen am Oste vun der Tierkei gëtt ëmmer méi schlëmm. Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef an déi betraffe Regioun.

Eleng an der Tierkei wiere 5.434 Mënschen ëmkomm a wäit méi wéi 20.000 Blesséierter goufe gezielt. Bal 3.000 Gebaier sinn an am Ganze siwen tierkesche Provënzen an de Koup gefall.
Et wäert net dobäi bleiwen, heescht et vu Secouristen op der Plaz, well nach ëmmer ganz vill Leit vermësst ginn.

Aus dem Nopeschland Syrien gi bis ewell iwwer 1.872 Affer gemellt, mä och do dierft déi Zuel weider klammen. D'Zuel u Blesséierter a Syrien läit bei ronn 3.640 Mënschen.

Bei äiseger Keelt gouf an der Nuecht op en Dënschdeg weider no Iwwerliewende gesicht. Duerch e Wanterstuerm an der Regioun waren d’Flughäfen zäitweis gespaart, wouduerch keng Hëllef lande konnt.

D’EU huet e Méindeg direkt hire Katastropheschutz-Mechanissem aktivéiert, a vill ONGe wéi d’Croix Rouge a Médecins sans frontières froen no Don’en.

Déi zoustänneg tierkesch Autoritéit fir Äerdbiewen-Iwwerwaachung huet zanter e Méindeg iwwer 240 kleng Nobiewe registréiert, wouduerch beschiedegt Gebaier nach méi onstabil gi sinn.

Den tierkesche President Erdogan huet fir d'Regioun, déi vun den uergen Äerdbiewe betraff ass, den Noutstand ausgeruff. Dat fir 3 Méint an zéng vun de concernéierte Stied. Gläichzäiteg huet den Erdogan annoncéiert, datt Hoteller an der Touristeregioun Antalya um Mëttelmier fir Affer vun de Biewen opmaachen.

Doriwwer eraus huet sech déi däitsch Ausseministesch dofir ausgeschwat, d'Grenzen tëscht Syrien an der Tierkei opzemaachen, fir déi humanitär Hëllef fir Syrien ze vereinfachen. D'syresch Organisatioun Rouden Hallefmound, déi zum Roude Kräiz gehéiert, huet d'USA an d'EU iwwerdeems opgefuerdert, d'Sanktioune géint Syrien opzehiewen.

Den Ausseministère hei am Land huet iwwerdeems en Dënschdeg matgedeelt, datt hinne bis ewell kee Lëtzebuerger bekannt wier, deen an der Tierkei vum Äerdbiewe betraff oder op der Plaz wier.

Trotz äiseger Keelt, gi vill Mënschen net méi zeréck an hir Wunnengen, aus Angscht, datt dës nach an e Coup falen.

Am Liveticker vun RTL Today fannt Dir déi rezentst Nouvellen iwwert d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien.

Kleng Hoffnungsschimmer

Trotz der schlëmmer Situatioun ginn et awer och ëmmer rëm Wonner, déi de Leit e bëssen Hoffnung ginn. Esou konnt a Syrien en neigebuerene Puppelchen, deen nach un der Nuebelschnouer vu senger Mamm houng, an de Stécker gebuerge ginn. De Bëbee gouf direkt an d'Spidol an der Stad Afrin bruecht, fir versuergt ze ginn. D'Mamm war schonn dout, wéi d'Kand fonnt gouf.

RTL

Den neigebuerene Puppelchen, deen aus de Stécker konnt gebuerge ginn.

An der Tierkei gouf en 3 Joer jonkt Kand no 22 Stonnen zu Malatya aus engem zesummegefalle Gebai gebuergen, wéi den tierkesche Journalist Hakan Copur op Twitter schreift.

Hëllef aus Letzebuerg

Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef: En Dënschdeg den Owend gëtt e Spezialist vum Asazgrupp fir humanitär Interventioune vum CGDIS, deen Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ass, fir eng humanitär Missioun an d'Tierkei reesen. An der Regioun, déi am schwéierste betraff ass, wäert de Spezialist zesumme mat engem Team vun de Vereenten Natiounen op der Plaz déi international Hëllef koordinéieren an d'Telekommunikatioun vun de Secouristen assuréieren. Dat hat de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS, schonn en Dënschdeg am RTL-Moiesjournal erkläert. Am Communiqué vum CGDIS fannt Dir nach méi Detailer iwwert d'Missioun an der Tierkei.

De Paul Schroeder am RTL-Interview

Rettungshënn ginn awer keng geschéckt.

No den aktuellen internationalen Standard-Prozeduren am Rettungswiesen, sinn dës nämlech mëttlerweil a gréisser Rettungsekippen integréiert. Dat wier extreem personal-intensiv. Dowéinst hätt sech Lëtzebuerg an de leschte Joren op Nische spezialiséiert an op den Asaz vu klengen Ekippe vun Experten.

Spezialist vum CGDIS flitt fir humanitär Missioun an d'Tierkei
Den Alain Lang ass Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Zesumme mat engem Team vun der UNO wäert hien d'international Hëllef koordinéieren.

De Spezialist Alain Lang flitt deemno en Dënschdeg den Owend op Adana, eng gutt 200 km vum Epizentrum vum Biewen ewech. Am Gepäck huet hien Emergency.lu - eng Zort opblosbare Satellit, deen iwwerall op der Welt bannent e puer Stonnen eng Telefons- an Internetverbindung op d'Bee stelle kann. Lëtzebuerg huet sech op déi Nisch spezialiséiert, well ee fir Sichekippen net genuch Personal hätt. Wat de fräiwëllege Pompjee op der Plaz erwaart, konnt hien nach net soen.

RTL

© Luc Rollmann

Spendenopriff

No de schroen Äerdbiewe brauchen d'Mënschen an der Tierkei an a Syrien séier Hëllef. Dofir hunn eng Partie Hëllefsorganisatioune Spendenopriff lancéiert. D'Opriff fannt Dir, wann Dir hei ënnendrënner op de Banner klickt.