
Si wäerte wuel an déi afghanesch Haaptstad geschéckt gi fir ze hëllefen, déi Leit, déi an de Grand-Duché wëllen, ze koordinéieren. D’Verstäerkung aus Lëtzebuerg wär mat der belscher Arméi ofgeschwat. Déi zwee Lëtzebuerger fléien awer fir d’éischt op Islamabad am Pakistan. Do muss da gepréift ginn, ob si op Kabul op de Fluchhafen kënne kommen, dee jo vun den US-Truppe kontrolléiert gëtt.
Ob déi zwee Lëtzebuerger et op der Plaz géife fäerdegbréngen, déi 9 Leit mat Lien op Lëtzebuerg aus Kabul erauszekréien, wär net sécher, esou de François Bausch. D’Regierung wéilt awer alles probéieren. Déi Concernéiert sëtze jo nach ëmmer an der afghanescher Haaptstad fest. Dorënner eng Famill mat 3 Kanner.
Et wär eng héich explosiv Situatioun. Convoien, wou een d’Leit géif siche fueren, wären extrem schwéier ëmzesetzen an et géif ee sech engem héijen Risiko aussetzen, erkläert de François Bausch.
Et ass antëscht och en zweete Lëtzebuerger Pilot vun der Arméi zu Islamabad fir bei der Lëtzebuerger-belscher Evakuéierungsmissioun ze hëllefen. Dësen zweeten Pilot wäert am Cockpit vun engem weideren A400M-Militärfliger sëtzen, dee vun Islamabad zeréck an d’Belsch respektiv an Holland flitt. Den A400M, deen den Emblème vun der Lëtzebuerger Arméi drop huet, ass antëscht zu Islamabad gestart. E soll en Dënschdeg zu Melsbroek bei Bréissel landen. En huet 93 Persounen u Bord.
Ee Lëtzebuerger Pilot flitt op der Plaz op engem Militärfliger vum Typ C130. Bei dësen Asätz fléien d’Maschinne vun Islamabad op Kabul an duerno mat méiglechst ville Passagéier nees zeréck.
Weider 226 Persounen hunn et an tëscht gepackt. Si koumen e Méindeg um Militärfluchhafen zu Melsbroek bei Bréissel un. Zwee Fligere si gelant, ewéi ënnert anerem d’Chaîne RTL-TVI mellt. 193 Persoune waren schonn am éischten Voll u Bord, dee géint hallwer 9 gelant war.
Iwwer de Weekend goufen honnerte Leit vun der afghanescher Haaptstad Kabul op Islamabad bruecht. Dat ass d’Haaptstad vum Pakistan. Eleng e Sonndeg hunn d’belsch Militärfligere vum Typ C130 véier Mol den Aller-Retour gemaach. 175 Persounen, dorënner 136 Belsch, konnten a Sécherheet bruecht ginn.
Dausende Mënsche wëllen aus dem Afghanistan fort, well déi islamistesch Taliban elo do un der Muecht sinn. De Chaos um Fluchhafen zu Kabul gëtt zanter Deeg net besser. Bei Ausenanersetzungen um Fluchhafen zu Kabul ass um Méindegmoien eng afghanesch Sécherheetspersoun ëm d’Liewe komm. Dräi weider Persoune goufe verwonnt. Dat deelt déi däitsch Bundeswehr mat.
Eng Woch nom Fall vu Kabul bleift d’Lag am Afghanistan nach ëmmer oniwwersiichtlech. Besonnesch um Fluchhafe vu Kabul ass Chaos.
