
Nodeems d’US-Regierung hiert Verhale géigeniwwer Venezuela an de leschte Méint ëmmer weider eskaléiert huet, huet den Donald Trump d’leschte Samschdeg eescht gemaach. Am Kader vun enger amerikanescher Militärinvasioun gouf de venezuelanesche President Nicolas Maduro ausser Landes bruecht. Elo soll hien zu New York wéinst “Drogenterrorismus” de Prozess gemaach kréien.
No der Noriicht vum Enn vum Nicolas Maduro senger Herrschaft ass ënner venezuelaneschen Expats uechter d’Welt Jubel ausgebrach. Grouss war d’Freed, dass de Kapp vun enger korrupter Regierung, déi sech iwwer Joerzéngten un de staatleche Pëtrolsreserve beräichert huet, ouni sech ëm d’Wuel vun der eegener Bevëlkerung ze këmmeren, net méi un der Muecht ass. Ma nieft der Hoffnung op eng besser Zukunft herrscht bei ville Venezuelaner am Ausland och Ongewëssheet doriwwer vir, wéi et mat hirem Land weidergeet, dat huet och eist Gespréich mat zwee Venezuelaner, déi am Grand-Duché liewen, gewisen.
De Juan (Numm vun der Redaktioun geännert) lieft zanter 2015 zu Lëtzebuerg. Iwwer e Kolleeg, deen hei am Land schafft, konnt hie sech en Aarbechtskontrakt organiséieren, sou dass hie legal an de Grand-Duché konnt kommen. Als Haaptgrond, fir seng Decisioun, Venezuela ze verloossen, nennt hien déi ekonomesch Instabilitéit a sengem Heemechtsland. Dës hätt sech no enger dramatescher Baisse vun den Uelegpräisser am Joer 2014 nach eng Kéier däitlech verschäerft. Well déi venezuelanesch Ekonomie komplett vun der verstaatlechter Äerduelegindustrie a vum Uelegexport ofhänkt, wier dës doropshi quasi komplett kollabéiert. Zanterdeem géif et ville Leit am Land un grondleeënde Wueren wéi Iessen oder och Toilettëpabeier feelen.
Och beim Fabian (Op Wonsch vum Interviewpartner nenne mir nëmmen de Virnumm) wier d’Decisioun, fir ze emigréieren duerch déi konstant Verschlechterung vun der ekonomescher Lag motivéiert gewiescht. Hien hätt a Venezuela als Commerçant am Konstruktiounssecteur geschafft an do ursprénglech gutt Sue verdéngt. Ma déi konstant Verschlechterung vun der wirtschaftlecher Situatioun hätt hie gezwongen, seng Aktivitéiten an deem Beräich anzestellen. Duerno hätte seng aner Aktivitéiten an de Beräicher Journalismus an Eko-Tourismus et him nach erlaabt, säi Liewensënnerhalt ze verdéngen. Endgülteg decidéiert, d’Land ze verloossen hätt hien dunn, wéi hie festgestallt huet, dass d’Universitéite vum Land quasi faillite wieren an de Risk géif bestoen, dass seng Kanner hir Ausbildung net kéinte richteg ofschléissen.
Iwwer d’US-Interventioun a senger Heemecht wier de Fabian iwwer d’Sozial Medie gewuer ginn. Seng initial Reaktioun wier virun allem eng vun Iwwerraschung gewiescht. De Juan hätt sech dogéint virun allem Suerge gemaach. Hie wier zu Caracas gebuer an et wier kee schéint Gefill, ze gesinn, wéi engem sengem d’Heemechtsstad bombardéiert gëtt. Nodeems hien déi éischt Biller vun der Invasioun gesinn hätt, wier hien an enger Aart Schockzoustand gewiescht an hätt déi ganz Nuecht net méi geschlof. Suergen hätt hie sech virun allem ëm seng Familljemembere gemaach, déi nach a Venezuela liewen. Hie wier schliisslech awer u si komm an et hätt sech erausgestallt, dass si bei der Invasioun net blesséiert goufen.
Dass de Juan nach Famill am Venezuela huet, ass och de Grond, dass hien nëmmen anonym mat eis wollt schwätzen. All kritesch Äusserung géigeniwwer der venezuelanescher Regierung kéint nämlech dofir suergen, dass seng Familljememberen doheem vun der Regierung ënner Drock gesat, verhaft oder kierperlech aggresséiert ginn. Et misst ee sech an deem Kontext ëmmer virun Aen halen, dass de Maduro-Regimm no de Walen am Joer 2024 Checkpointen installéiert huet, fir d’Handye vu Leit ze kontrolléieren an ze kucken, ob si negativ Saachen iwwert de President oder d’Regierung op X posten.
Virum Hannergrond vum repressive Virgoe vum Maduro senger Regierung stellt sech dann och d’Fro, ob de Fabian an de Juan d’US-Interventioun als eng Zort Befreiung erlieft hunn oder ob si fäerten, dass dës nëmmen den Ufank vun enger weiderer Eskalatioun ass. Ëmmerhi sinn d’USA ouni UN-Mandat a Venezuela intervenéiert an hunn esou d’Souveränitéit vun engem anere Land verletzt.
Dem Fabian no wier et den Ament nach ze fréi, fir déi laangfristeg Suitte vun der Interventioun ofzeschätzen. Vill Venezuelaner hätte gehofft, dass no enger Verhaftung vum Nicolas Maduro den Edmundo Gonzáles, deen no der Aschätzung vun ënner anerem der EU an den USA d’Presidentiellen am Juli 2024 gewonnen huet, de Presidenteposte kéint untrieden. Ma d’Äusserunge vum amerikanesche President Donald Trump, dass d’USA bis op Weideres d’Kontroll iwwer d’Land géifen iwwerhuelen, hätte fir vill Konfusioun gesuergt. Wat dës Iwwergangsperiod ugeet, wier nach villes flou, ma de Fait, dass Persounen aus der Maduro-Regierung Deel vun der Iwwergangsadministratioun solle bleiwen, géif een denken doen, dass d’US-Interventioun virun allem op ekonomesche Motiver baséiert a sech un der politescher Realitéit fir d’Leit a Venezuela näischt wäert änneren.
Och de Juan betount, dass kee genee kéint soen, wéi et no der US-Interventioun weidergeet. Et misst ee sech bewosst sinn, dass déi aktuell Regierung am Venezuela e Monster mat e puer Käpp ass Mam Maduro wier elo ee vun dëse Käpp fort, ma déi ganz Struktur, op déi seng Muecht baséiert, wier nach ëmmer en place. Zum Punkt vun der Souveränitéit ënnersträicht hien, dass d’Souveränitéit vun engem Land eigentlech sollt zum Virdeel vu senge Bierger sinn an net als Schutzschëld fir Diktatoren an Tyranne sollt déngen. D’Venezuelaner hätte wärend 27 Joer ënner enger korrupter Regierung gelidden an hätte näischt vun de Recetten aus dem Verkaf vum Ueleg gehat. De Juan hätt natierlech am léifste gesinn, dass et op engem demokratesche Wee zu engem Wiessel komm wier. Ma de Fait, dass den Nicolas Maduro trotz senger Néierlag bei de Presidentiellen 2024 weider un der Muecht bliwwe wier, hätt gewisen, dass dat keng realistesch Optioun wier. Eng illegitim an diktatoresch Regierung ewéi déi vum Nicolas Maduro dierft sech net hannert dem Konzept vun der staatlecher Souveränitéit verstoppen.
D’Fro, déi sech elo schlussendlech stellt ass déi, ob nom Enn vum Nicolas Maduro senger Herrschaft e politeschen Neiufank ouni Gewalt méiglech ass. Dat wier jiddefalls dat, wat dem Fabian no jiddweree géing hoffen. Ma et wier kaum virauszegesinn, wéi Situatioune wéi déi aktuell sech géingen entwéckelen. Bei enger einfacher Analys vun der Lag géif een zur Conclusioun kommen, dass kaum ee géif vu Gewalt profitéieren, well dës eng ekonomesch Croissance verhënnert. Trotzdeem géifen et vereenzelt Acteure ginn, déi hiren Notzen aus enger gewaltsamer Entwécklung géifen zéien. Et misst een also ofwaarden, wat d’Zukunft bréngt.
Dem Juan no hätt d’Interventioun vun den USA villes verännert. De Fait, dass Venezuela elo ënner auslännescher Beobachtung wier, géif zwar net dofir suergen, dass d’Korruptioun am Land verschwënnt, ma et géif et de korrupten Elitten et awer méi schwéier maachen, sech op Käschte vun de Leit ze beräicheren. Natierlech géifen et och an der Trump-Regierung Elementer vu Korruptioun, ma hie kéint sech net virstellen, dass d’Situatioun ënnert enger US-Kontroll fir d’Venezuelaner méi schlëmm géif ginn ewéi virdrun. An engem Land, an deem den offizielle Mindestloun bei ëmgerechent 43 Cent de Mount léich, wier dat eigentlech kaum méiglech.