No Attentat zu KabulZwee wichteg Käpp vum IS bei US-Dronenattack ëmbruecht

RTL Lëtzebuerg
D'Revanche, déi den US-amerikanesche President Joe Biden annoncéiert hat, huet net laang op sech waarde gelooss.
Afghanistan: Situatioun bleift ugespaant
D’Revanche, déi den US-amerikanesche President Joe Biden annoncéiert hat, huet net laang op sech waarde gelooss.

Den Amerikanesche President Joe Biden hat nom Attentat op de Flughafen vu Kabul ugekënnegt, d’USA géifen zeréckschloen an d’Äntwert huet net op sech waarde gelooss. An der Nuecht op e Samschdeg ass d’amerikanesch Arméi eng Attack mat enger Dron geflunn, bei där zwee vun den Haaptleit vum IS-K, deen d’Selbstmord-Attentat vun en Donneschdeg organiséiert hätt, déidlech getraff goufen.

Am Viséier stoung eng vun de Bastioune vun der Terror Grupp IS-K op afghaneschem Buedem, an der Provënz Nangarar, um Land tëscht der Haaptstad Kabul an der Grenz mam Pakistan. “Éischten Informatiounen no hu mer d’Zil ëmbruecht”, sou eng Reaktioun aus dem Pentagon. Also ee vun den Haaptmänner vun IS-K, deen d’Selbstmord-Attentat, bei deem engem leschte Bilan no iwwer 100 Mënsche gestuerwen sinn, verschidde Quelle schwätze souguer vun 180 Affer, direkt mat organiséiert hätt.

Zwee Deeg no där Attack bleiwen honnerten Afghanen um Flughafen vu Kabul z’evakuéieren. Iwwerdeems d’Geheimdéngschter weider virun engem Attentat warnen.

“Mir sinn den Ament an där Zäit, wou d’Militär, de Kommando um Buedem ufänkt, net nëmmen Truppen Heem ze huelen, ma och Material. Dat ass dacks ee ganz geféierlechen Deel vun all Missioun. An dësem Fall maache se dat, wärenddeem et eng akut Menace vum IS-K gëtt.”, sou d’Pressespriecherin vum Wäissen Haus, Jen Psaki.

D’Informatioun aus der leschter Nuecht, d’Taliban géifen elo en Deel vum Flughafe kontrolléieren, gouf vehement vun amerikanescher Säit dementéiert. E Samschdeg hunn d’Fliger dann och weider Mënschen ausgeflunn. Den US State Department schwätzt vun iwwer 100.000 Leit zanter dem Ufank vun der Kris.

Wéi et nom 31. August weidergeet? Eng Äntwert kéint vun Doha kommen. De Katar steet den Taliban jo ganz no. Am Kader vun der Konferenz fir Stabilitéit am Irak féiert de franséische President Macron den Ament zu Bagdad Gespréicher mam Emir vum Katar. Um Dësch läit de Virschlag, datt d’Qatar Airways weider Leit vu Kabul op Doha ausfléien, fir de Mënschen, déi d’Land weider verloosse wëllen, dee geféierleche Landwee Direktioun Pakistan z’erspueren.

Zu Bréissel sinn déi lescht Nuecht eng 64 Leit, dorënner éischt Zaldoten vun der Missioun ‘Red Kite’ gelant. Zwee Belsch C130 Hercules sti weider zu Islamabad am Stand-By. Lëtzebuerger sinn elo keng méi am Pakistan am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO