
Den zweete Verdächtege stéing ënner dem Verdacht, Kompliz vum 18 Joer ale presuméierten Täter, dee scho festgeholl gouf, ze sinn a beim Mord a versichtem Mord gehollef ze hunn. Dat mellt de Parquet e Mëttwoch, gëtt awer soss keng weider Detailer bekannt. D'Police war fir d'éischt vun engem Eenzeltäter ausgaangen.
E Freideg war den 18 Joer ale Mann mat engem Schwäert an de Lycée zu Fagersta agedrongen. Hien huet eng 17 Joer ale Schülerin ëmbruecht an dräi weider Schüler blesséiert. Zwee vun hinnen, 12 a 17 Joer al, sinn nach ëmmer an engem liewensgeféierlechen Zoustand.
Den Ugräifer gouf vun der Police ugeschoss a festgeholl. Hie sëtzt den Ament an Untersuchungshaft. De Justizdokumenter no, déi der Noriichtenagence AFP virleien, ass et den 18 Joer ale Liam N. vum Brinell-Lycée, an deem d'Dot och geschitt ass. Medien no ass hie wéinst Kierperverletzung virbestrooft.
D'Motiv fir d'Dot ass nach ëmmer net gewosst. Schweedesche Medien no lafen Ermëttlungen ënnert anerem zu engem mëttlerweil geläschte Profil op Tiktok, deen dem Haaptverdächtege gehéiere soll. D'AFP konnt de Kont virum Läschen nach gesinn. Dorop ze gesi wieren e puer Videoen, déi am Zesummenhang mat Attacken op Schoule stoungen.
Der schweedescher Zeitung "Dagens Nyheter" war um Tiktok-Profil fir d'lescht d'Foto vum Schwäert, dat um Buedem läit, ze gesi gewiescht. Der Zeitungno gouf d'Bild op der Toilette vun der Schoul opgeholl.
Medien hate gemellt, datt den Täter bei senger Attack en Helm ugehat an e Schwäert bei sech gehat hätt. Dat erënnert un eng rassistesch motivéiert Attack an enger Schoul 2015 am westschweedeschen Trollhättan, bei deem en 21 Joer ale Mann mat engem Schwäert dräi Leit ëmbruecht hat.
A Schweden goufen et an de leschte Joren e puer Attacken op Schoulen. Am Februar 2025 war ee 35 Joer ale fréiere Schüler an e Bildungszenter fir Erwuessener an der Stad Örebro agedrongen an hat zéng Leit a sech selwer erschoss. Et war déi schlëmmst Schosswaffenattack an der Geschicht vu Schweden.
Artikelen zu der Attack 2025: