
Wann een eng Sozialwunneng verkeeft, dann ass et keng méi. An net alles, wat abordabel ass, ass och sozial.
Ëffentlech Bauträger baue sougenannten abordabel Wunnengen a plakatéiren mat grousse Buschtawen: 80 % vun der Bevëlkerung sinn eligibel fir esou eng ze kafen. Bis zu 192.125,39 Euro netto däerf eng Koppel mat dräi Kanner pro Joer verdéngen, fir esou eng ëffentlech abordabel Wunneng kënnen ze kafen.
A wann ee kuckt, wat déi Wunnenge kaschten, da versteet een och, virwarnt ee muss esouvill verdéngen. Fir dass esou eng Wunneng abordabel ass, muss ee schonn zur ieweschter Mëttelschicht gehéieren.
Mä ass dat wierklech dem Staat seng Aufgab, Wunnengen ze bauen, déi sech just déi besser gestallte Leit leeschte kënnen? Muss de Staat dofir ze suergen, dass Menagë mat bal 200.000 Euro netto Joresakommes kënne Proprietäre ginn?
De Staat a seng ëffentlech Bauträger sollte sech dorop konzentréieren, sozial Mietwunnengen ze baue a als éischt deenen hëllefen déi et am meeschte brauchen.
Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Logementskris a mat knapp 2 Prozent soziale Mietwunnengen eng vun de niddregste Quoten an Europa. A wat maache mir? Mir baue Wunnengen a verkafen se un déi Räich. An déi Aarm sti jorelaang op enger Waardelëscht.
Mir brauche vill méi sozial Mietwunnegen a keng soit-disant abordabel Wunnengen, déi nëmme fir déi mat den decke Paien abordabel sinn.