Carte Blanche vum Marc HostertBanken, Europa an déi lokal Ekonomie – mat engem Been an der Groussregioun

Marc Hostert
An eiser Carte blanche haut geet et ëm d’Roll vun de Banken, den europäesche Bannemaart an d’Froen, déi sech fir déi lokal Ekonomie stellen. E Carte Blanche iwwert den Zougang zu Finanzement iwwer Grenzen eraus an iwwer d’Noutwennegkeet, de Dialog tëscht Finanzwiesen a Realwirtschaft nees ze stäerken.
© RTL

No de ville Reaktiounen op meng éischt Carte blanche iwwert d’Banke gouf eng Saach kloer: Et geet net nëmmen ëm Suen. Et geet ëm Versteesdemech an ëm Gerechtegkeet. Vill Leit soen: „Ech verstinn et net méi.“ Dat sollt een eescht huelen.

Lëtzebuerg huet eng staark an international unerkannt Finanzplaz. Gläichzäiteg gëtt et fir kleng Commerçanten, Handwierker, Selbststänneger oder Bauhären ëmmer méi schwéier, en einfache Kredit ze kréien. Vill hunn d’Gefill, datt d’Relatioun tëscht Bank a Client méi distanzéiert ginn ass.

D’Banque centrale du Luxembourg weist, datt Kreditter vergi ginn. Mä net ëmmer do, wou se am Alldag am dréngendste gebraucht ginn. Gläichzäiteg gëtt de Marché vun e puer groussen Acteure gepräägt, wat bei ville Leit d’Gefill hannerléisst, datt den Zougang net fir jiddereen d’selwecht ass.

Fir kleng Betriber an Independanten ass d’Situatioun besonnesch sensibel. E Konto opzemaachen oder ze behale gëtt ëmmer méi komplex. Dobäi ass et eng Grondlag vun all wirtschaftlecher Aktivitéit. Ouni Konto kee Commerce, ouni Commerce keng lieweg Ekonomie.

An da gëtt et nach d’Groussregioun. Si steet fir eng europäesch Iddi, déi vill am Alldag schätzen: liewen, schaffen a wunnen iwwer Grenzen ewech. Mä bei konkrete Finanzfroen, wéi enger Hypothéik am Nopeschland, stéisst een nach ëmmer op vill Barrièren. Do bleift Europa fir vill Bierger nëmmen eng hallef oppen Dier.

Mir investéiere vill a Stroossen a Brécken. Et wier wichteg, och an déi manner siichtbar Verbindungen ze investéieren – an de Dialog tëscht Banken, Betriber a Bierger. Als konkret Propos kéint een d’Assisë fir de lokale Finanzement vun der nationaler Ekonomie organiséieren, fir d’Bedierfnesser vun de Stéit an de Betriber besser ze verstoen an den Accès zu de Banken ze verbesseren.

Wann Finanzwiesen a Realwirtschaft nees méi no zesummeréckelen, da profitéiert am Endeffekt jiddereen – an de Wuesstem gëtt ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO