
Kanner verbréngen ze vill Zäit um Ecran. Sozial Medie beaflossen hir Konzentratioun, hiert Wuelbefannen an hir Siicht op sech selwer. PISA 2025 weist: Digital Oflenkung an der Schoul geet op Käschte vun de Leeschtungen.
Also: Smartphone ewech. Problem geléist? Ech hu meng Zweifel.
Jo, Kanner brauche Grenzen. Mä mir hunn dacks dee selwechte Reflex: Wa mir e Problem net direkt léise kënnen, da maache mir eng Plooschter drop.
PISA weist schwaach Lieskompetenzen: en Aktiounsplang.
Kanner sinn ze vill um Handy: e Verbuet.
D’Resultater si schlecht: nach eng Reform.
An esou gëtt aus all Problem eng nei Reegel. Aus all Reegel eng nei Kontroll. An aus all Kontroll eng nei administrativ Aufgab.
Dobäi verwiessele mir Handele mat Léisen. Eng nei Mesure ze beschléissen ass einfach. E Kand ze motivéieren, dat keng Loscht méi huet ze léieren oder eng iwwerfuerdert Famill ze ënnerstëtzen, ass méi komplizéiert. Dat brauch Zäit.
Bei PISA stellt sech eng aner Fro: Wéi vill Gewiichtung gi mir engem Test deen d’Leeschtung just an enger Sprooch miesst, déi fir vill Länner d’Mammesprooch ass a fir eis Schüler eng Friemsprooch?PISA weist och: am digitale Léiere si mir staark. Maache mir déi Kompetenz mat engem Verbuet erëm futti?
Mir liewen an enger Welt vum “Klick”: Fro. Klick. Léisung!
Mä Bildung funktionéiert net esou. Eng Reegel ersetzt kee Vertrauen, Kontroll ersetzt keng Verantwortung, Reform keng Bezéiung. An eent ass sécher: keng vun dëse Mesure verbessert d’Motivatioun vun eise Schüler.
A mir Erwuessener? Mir soen de Kanner: “Kuck manner op den Handy”.
Mä wéi dacks kucke mir selwer op eisen Ecran, wärend een anere mat eis schwätzt?
Kanner maachen net, wat mir hinne soen. Mä si maache, wat mir hinne virliewen. Vläicht ass dat déi wichtegst Lektioun fir dës Rentrée. Eng Reegel kann e Smartphone ewechhuelen. Mee Bildung ass méi: Kanner léieren, ze liesen, ze denken, ze ënnerscheeden, ze argumentéieren a Verantwortung ze iwwerhuelen.
Dofir brauche mir méi wéi Verbueter: Mir brauchen Zäit, Gedold a Gespréich. A vläicht och de Courage, net direkt eng nei Reegel ze schafen, nëmme well mir keng Léisung hunn. Eng Reegel seet engem Kand wat et net maache soll: Bildung léiert et, firwat a wéi et besser geet.
D’Rentrée ass fir d’Kanner. Mee d’Lektioun ass fir eis!
Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter, laangjärege Formateur fir zukünfteg Enseignanten op der Uni Lëtzebuerg, Expert fir d’Programmer vun den Europaschoulen an den Europäesche BAC.