Carte Blanche vum Richard GrafDoudesstrof fir déi Schwächst

RTL Lëtzebuerg
Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert eng Léisung am Fall Caritas, déi keng ass.

Carte Blanche vum Richard Graf

Déi sougenannten “Caritas-Affär” ass längst nach net ofgeschloss, a wéi genau et méiglech war 61 Milliounen Euro vu Lëtzebuerger Bankkonten ze klauen, weess d’Ëffentlechkeet emol net usazweis.

D’Héchststrof fir des Dot steet awer scho fest: nämlech Doudesstrof. Net fir déi, déi d’Suen aktiv geklaut hätten, net fir d’Banker, déi Honnerte vun décke Virementen op frowierdeg Konten duerchgewonk hunn, net fir déi, déi innerhalb vun der Caritas hier Opsiichtsflicht verletzt hunn.

Neen. Gestrooft goufen an dëser Affär als éischt d’Beneficiairen am globale Süden, fir déi - ganz kuerzfristeg - keen neien Träger konnt fonnt ginn.

Am Fall vum Süd-Sudan heescht dat, zum Beispill, datt en integréierte Projet fir d’Gesondheetsversuergung an den nohaltegen Ubau u Liewesmëttel fir eng ganz Regioun einfach huet missen zougemaach ginn.

An enger vun deenen äermste Géigenden op der Welt goufen elo net nëmmen Dosende Matarbechter.innen an eng ongewëss Zukunft entlooss. Et sinn och zéngdausenden Familljememberen, déi als Zouliwwerer hir Existenz verléieren, an domadder dem Schicksal vun enger Hongersnout iwwerlooss ginn.

Dat heescht an dësem Fall chronesch Ënnerernierung, an domadder eben och an éischter Linn de méi oder wéineger fréien den Doud vun deene Schwächsten an der Gesellschaft, an als alleréischt de Kanner.

Et kéint een d’Steiergelder fir esou ee Projet nu eemol net zweemol ausginn, huet et vun offizieller Säit geheescht. D’Expertise an de Wëlle fir kënne weider ze maache waren do, awer d’Suen dofir sinn eben hei an Europa geklaut ginn.

Et war jo net den internationalen Departement vun der Caritas - hei zu Lëtzebuerg oder dohannen um Terrain - deen de Feeler gemaach huet.

Trotzdeem gouf et keng Bereetschaft, esou Projeten ze retten.

Wann awer esou eng integréiert Struktur bis eng Kéier zerstéiert ass, dann dauert et jorelaang, bis eppes Änleches entstoe kann. Et dierf een se also net liichtfankeg fale loossen.

Wann en Haus brennt, da kuckt ee méiglechst séier et ze läschen, an et gëtt net laang gefrot, wien dann elo d’Rechnung fir d’Waasser bezilt. Fir d’éischt heescht et, de Schued ze begrenzen, d’Fro vun der Responsabilitéit gëtt spéider gekläert.

Am Fall vun den internationale Projete vun der Caritas huet d’Léisung zwar de Portmonni vum Staat geschount, am Süd-Sudan de Schued awer vill méi grouss gemaach. An dat a senger extreemster Form, dem sécheren Doud vun deene Schwächsten.

Back to Top
CIM LOGO