Carte blanche vum Sylvain HoffmannD’Steierreform muss och méi Steiergerechtegkeet bréngen

Sylvain Hoffmann
Dëst Joer wäert ganz vill iwwert Steieren diskutéiert ginn, dat am Kader vun der ugekënnegter Aféierung vun enger eenzeger, eenheetlecher Steierklass. Mee gëtt de Steiersystem doduerch fundamental méi gerecht? D’Äntwert op déi Fro ass kloer Nee, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
© RTL Grafik

Wann een de Lëtzebuerger Steiersystem global kuckt, geséit een, dass et op enger Rei vu Punkten Desequilibere ginn, déi mat sech bréngen, dass de System net gerecht ass. Den éischten Desequiliber besteet tëschent den Entreprisen an de schaffende Leit. Viru ronn 20 Joer hunn d’Entreprisen nach ongeféier grad souvill zum Steieropkommes bäigedroe wéi d’Menagen. An obwuel zënterhier d’Beneficer méi séier geklommen si wéi d’Salairen, ass dat haut net méi de Fall. D’Menagë bezuelen haut duebel sou vill Steieren op hire Revenue wéi d’Betriber.

Carte Blanche vum Sylvain Hoffmann

Da gëtt et och e ganz groussen Desequiliber tëschent der Besteierung vu Léin a Pensioune par rapport zu de Kapitalerträg. Wärend Léin a Pensioune ganz besteiert ginn, si d’Revenue vum Kapital oft ganz oder zum Deel steierfräi: zum Beispill Dividenden, Gewënner duerch Spekulatioune mat Aktien, oder allgemeng Kapitalerträg wou insgesamt 1.500 Euro d’Joer steierfräi sinn.

Den drëtten Desequiliber besteet um Niveau vum Steierbarème selwer. Deen huet eng staark Progressivitéit bei den niddregen a mëttlere Revenuen, dat heescht, dass do d’Steierbelaaschtung séier klëmmt, wärend uewe bei deenen héije Revenuen d’Besteierung bal net méi zouhëlt.

Dobäi kéinten déi Leit mat héije Revenuen ouni Problem méi Steiere bezuelen, ouni dass dat finanziell e Problem fir si wier.

Da kënnt nach d’Roll vu verschiddene Steiervirdeeler derbäi vun deenen haaptsächlech déi profitéieren, déi vill Suen hunn, fir ze investéieren – zum Beispill an Immobilien, Privatpensiounen oder Finanzprodukter. Persoune mat niddrege Revenuen hunn dës Méiglechkeeten net oder nëmme ganz begrenzt, wat d’Ongläichheeten nach verstäerkt.

E véierte groussen Desequiliber besteet bei der Besteierung, respektiv bei der Net-Besteierung vum Besëtz. Et gëtt zu Lëtzebuerg weder eng Besteierung vum Verméigen, nach eng Ierfschaftssteier an direkter Linn, nach eng seriö Besteierung vum groussen Immobiliebesëtz.

Et gesäit een also, dass de lëtzebuergesche Steiersystem vill Ongerechtegkeeten enthält, déi virun allem Leit mat niddrege bis mëttlere Revenue benodeelegen, wärend héich Akommes a grouss Verméigen dacks privilegéiert behandelt ginn.

Dës Ongerechtegkeeten droen dozou bäi, dass d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi wäit opgeet.

An do hëlleft och déi geplangten eenheetlech Steierklass näischt. Si bréngt zwar mat sech, dass vill Leit manner Steiere bezuelen, och déi mat niddregem oder a mëttlerem Akommes, wat gutt ass, mee suergt net derfir, dass de System fundamental méi gerecht gëtt.

Eng méi staark progressiv Besteierung op den héije Revenuen, an eng méi gerecht Besteierung vu Verméige wieren noutwenneg Schrëtt, fir eng méi equilibréiert a solidaresch Gesellschaft ze schafen.

An hei geet et och net nëmmen ëm méi Steiergerechtegkeet, hei geet et och drëm, fir sech d’Moyenen ze ginn, fir déi néideg Investissementer an d’Zukunft am sozialen an am ekologesche Beräich kënnen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO