
Dee laange Wee vun enger EU-Direktiv zu engem Projet de loi bis hin zu der Transpositioun vun engem Gesetz iwwer d’Sammelkloen ...
Jo endlech, sou kann een effektiv dee Wee beschreiwen, bis et zur Verabschiedung vun engem Projet de loi iwwer d’Sammelkloen komm ass. Bal 3 Joer nodeems, spéitstens den 25. Dezember 2022, hätt missten déi europäesch Directiv an déi national Gesetzgebung transposéiert ginn sinn.
Schonn 2013 stoung dee Punkt am Regierungsprogramm dran, mee eréischt an der leschter Legislaturperiod ass et zu engem éischtn Projet de loi komm, wou den Staatsrot awer eng ronn 110 Oppositions formelles hat.
Eréischt den 30. Oktober dëst Joer konnt den Projet de loi, no munchen Hürde gestëmmt ginn, wou iwwregens dat neit Gesetz soll réckwierkend op den Juli 2023 a Kraaft trieden.
Wéi wichteg dass esou e Gesetz ass, hu mir virun e puer Joer mat dem VW Diesel Gate Skandal erlieft, dee bei eis elo schonn eng Partie Joren an de Gerichtsprozeduren unhängeg ass. Sécherlech ass d’Gebuert vun deem Gesetz alles anescht wéi perfekt verlaf, well et e Gesetz nom Motto „Toute la directive et rien que la directive“ ass.
Et hätt eisem Land sécherlech gutt zu Gesiicht gestanen, wann een hätt kéinten am Interessi vum Konsument méi wäit goe wéi déi europäesch Direktiv. Esou kann een just bedaueren, dass e.a. Sträitfäll vun der Locatioun an der Constructioun net am Gesetz virgesi sinn, well et virun allem hei ëmmer erëm zu sou munchen Probleemer kënnt.
Mee bekanntlech kann ee jo nach ëmmer nobesseren. Trotz allem kann een awer soen, dass generell gesinn, d’Rechter vun de Konsumente gestäerkt ginn, wou och am Virfeld vun de ganze Prozeduren um Tribunal, eng Mediatioun an engem Zäitraum vun 6 Méint méiglech ass, also d’Méiglechkeet zu engem Accord à l’amiable besteet.
An Zukunft kënne sech also d’Verbraucher zesummen dinn, déi sech vun enger Entreprise oder engem Professionelle geschiedegt fillen. Mee duerfir muss een sech un eng agreéiert Konsumenteschutzorganisatioun oder soss enger anerer agreéierter Entitéit wéi z.B. den ILR wenden, fir viru Gericht ze kloen, gegebenenfalls Recht ze kréien an entschiedegt ze ginn.
Well et fir den Verbraucher awer eng zimmlech komplizéiert Matière a Prozedur ass, kann een deenen agreéierte Konsumenteschutzorganisatiounen an Entitéiten, wéi z.B.dem ILR an och deem zoustännege Ministère nëmmen recommandéieren, verstäerkt an d‘Ëffentlechkeets- an Opklärungsaarbecht ze investéieren, net dass e gutt gemengte Gesetz schlussendlech eng „Lettre morte“ bleift.