Carte Blanche vum François BauschEnergie fir eis Zukunft

RTL Lëtzebuerg
Kloer Entscheedungen haut – fir Wuelstand muer, mengt de François Bausch.
© RTL

Carte Blanche vum François Bausch

Viru kuerzem ass déi 30. Klimakonferenz zu Belém a Brasilien op en Enn gaangen. A wéi sou dacks bleift e battere Goût: d’Resultater si frustréierend. Am wichtegsten ass de Fakt, datt keen däitlechen Ausstig aus de fossillen Energië festgehalen gouf. Dat ass zwar net iwwerraschend - virun allem, wann ee weess, datt déi Länner, déi Pëtrol a Gas verkafen, alles dru setzen, fir aner Staate weider an der Ofhängegkeet ze halen. Si verdéngen all Joer Milliarde mat dëser Ofhängegkeet.

Mee sech weider op Pëtrol a Gas ze verloossen, ass net nëmme klimatesch eng Katastroph. Et ass och energie- a wirtschaftspolitesch fatal — besonnesch fir Europa. Mir hunn nämlech kaum eege fossil Rostoffer a si sou an enger schwéierer Ofhängegkeet vun auslännesche Regimmer, déi eis Präisser diktéieren, eis Energie deier maachen an doduerch vill Haushalten an d’Energieaarmut drécken.

Duerfir ass et fir Europa entscheedend wichteg - an dat ganz onofhängeg dovun, ob Klimakonferenzen iwwerhaapt virukommen oder net - sech esou séier wéi méiglech aus dëser Ofhängegkeet ze befreien. Aus sozialer wéi och aus wirtschaftlecher Siicht hu mir all Intressi, de Wee ewech vu fossillen Energië konsequent ze goen.

D’Alternative stinn prett: Sonn, Wand, Waasser, Geothermie a Mieresstréimunge stinn eis an Europa quasi onendlech a gratis zur Verfügung. Wa mir eis Energieversuergung drop opbauen, da gi mir onofhängeg vu despotesche Regimmer, mir stabiliséieren d’Energiepräisser an d’Energieaarmut geet zeréck. Europäesch Energiepolitik baséiert op erneierbaren Energien - dat ass an der Realitéit e Wirtschaftsfërderungs- a Sozialprogramm éischter Klass.

Mir däerfen eis Zukunft net méi vun der Profitgier vun der fossiller Industrie diktéiere loossen. Elo ass et Zäit, e modernen, nohaltegen Energiemodell opzebauen: een, deen eis wirtschaftlech a sozial stabil mécht, eis méi krisefest a méi sécher, a gläichzäiteg nei Aarbechtsplaze schaaft. Erneierbar Energië sinn am Fong och Friddensenergien: vill Konflikter op der Welt dréinen ëm Zougang zu Rostoffer - an do sti fossil Brennstoffer quasi ëmmer ganz uewen op der Lëscht. Wien erneierbar Energien ausbaut, reduzéiert déi geopolitesch Spannungen.

An dann nach e lescht, mee wichtegt Argument: ganz vill vun de moderne Technologien am Beräich vun den erneierbaren Energië goufen an Europa entwéckelt. Wëlle mir wierklech waarden, bis mir och deen Technologievirsprong nach verléieren an aner Länner, wéi China, eis de Rang definitiv oflafen?

Mir hunn also keng Zäit ze verléieren. D’Zukunft läit net am Pëtrol a Gas, mee an den erneierbaren Energien.

An dann nach eng kleng Remark zur Atomenergie: nieft ville sécherheetstechnesche Problemer gëtt et och hei e fundamentaalt Argument: och Atomenergie baséiert op engem Rostoff - Uran. An och do huet Europa net vill Reserven. Eng real Onofhängegkeet kritt een domat also och net.

Déi reng logesch Konsequenz ass kloer: mir musse mat Vollgas op erneierbar Energien setzen - fir d’Klima, fir eis Wirtschaft, fir eis sozial Stabilitéit an, am Endeffekt, fir e méi friddleche Kontinent.

Back to Top
CIM LOGO