D'Carte blanche vum Jean HussFriddens- a Fräiheetsgedanken am Ufank vum neie Joer

Jean Huss
© RTL

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Et ginn am Ufank vun dësem neie Joer vill Sujeten, iwwert déi een an dëser “Carte blanche” kéint oder misst schwätzen: Trump oder Putin, Ukrainkrich, Gaza, Iran, Venezuela, Kuba oder Grönland, net ze vergiessen di traureg, desolat Roll, di verschidden europäesch Spëtzepolitiker dobäi spillen.

Carte Blanche vum Jean Huss

Schwätze kéint a misst een z.b. och iwwert aner brisant Sujeten, déi d’Haaptursaache vu Kricher duerstellen, wéi de Kampf ronderëm Ueleg oder aner méi seele Rohstoffer op eisem Planet.

Diskutéiere misst een z.b. och iwwert di sougenannten “Kënschtlech Intelligenz, méi Chancen oder awer gréisser Risiken, an och iwwert en éierlecht Opschaffe vun den Hannergrënn vun der Corona-Kris an hire villen Impfniewewirkungen misst endlech offen diskutéiert ginn.

Dat gesot, wéilt ech an dëser “Carte blanche”, dëser “fräier Tribün” awer en aneren gréissere Problem uschwätzen, dee villen demokratesch a fräiheetlech denkende Mënschen zanter e puer Joer um Häerz läit, nämlech de fait, dat queesch duerch Europa ëmmer méi Leit a Meenungsëmfroen uginn, datt si ëmmer méi Angscht hunn, hir politesch oder aner Meenungen nach fräi an der Ëffentlechkeet soen ze kënnen, an dat virun allem zanter Corona, zanter dem Ukrainkrich oder dem Informatiouns- an Zensurkrich ronderëm déi digital Medien.

Am Ënnerscheed zu der Zäit virun 2020, wou deemools d’Confiance a Politik an an d’Medien nach vill méi grouss war, ass haut déi selwecht Confiance europawäit zimmlech déif an de Keller gerutscht.

Esou soen zum Beispill rezent Meenungsëmfroen an Däitschland vun zwee ënnerschiddleche Meenungsfuerschungsinstituter, dem bekannten Allensbach Institut an engem aneren Institut, - an dat ass fir Demokratie a Fräiheet zimmlech dramatesch-, dat largement méi wéi 50% vun den Däitschen der Meenung sinn, hir politesch Meenung net méi fräi äusseren ze kënnen. Dat selwecht Mësstrauen dréckt sech iwwregens och doranner aus, dat d’Popularitéit vu féierenden europäeschen Leaderfiguren wéi Merz, Macron, Starmer oder von der Leyen ëmmer méi déif an de Keller, wäit ënnert 30% ofgerutscht ass, wouvu leider haaptsächlech rietsextrem Parteie kënne profitéieren.

Dofir Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Zum Schluss vun dëser “Carte blanche” eng Fro oder éischter eng Fuerderung: sollt oder misst net endlech erëm déi dominéierend europäesch Politik hir méi wéi diskutabel Politik a Saache Krich- oder Friddenspolitik, a Saachen Informatiouns- a Meenungsfräiheet an a Saache Sozialpolitik iwwerdenken, a Fro stellen a mat Courage nei méi friddlech an demokratesch Alternativen an d’A faassen?

Dat war eng carte-Blanche vum

Jean Huss

Ex-Deputéierten

Back to Top
CIM LOGO