Carte blancheGutt Virsätz, och am digitale Raum

Anne Brasseur
Den Ufank vun engem neie Joer ass oft e Moment vun de gudde Virsätz. Do geet et meeschtens ëm eng besser Gesondheet, also ëm méi Beweegung a Sport, manner iessen, manner Alkohol oder net méi fëmmen. Et ginn awer nach aner Beräicher, fir déi gutt Virsätz net vu Muttwëll sinn. Ech denken do virun allem un déi tëschemënschlech Bezéiungen, wou et oft u richteger Kommunikatioun feelt. Mir sollen ons dofir méi Zäit huelen, fir Zäit mateneen ze verbréngen. Dat gëllt besonnesch fir d’Relatioun mat de Kanner.
© RTL

Et gesäit ee reegelméisseg Famillen un engem Dësch am Restaurant, wou jidderee mat sengem Handy beschäftegt ass. Ech huelen un, dass et doheem net anescht ass. Kee Wonner deemno, wann d’Leit net méi capabel sinn, matenaner ze schwätzen, ze diskutéieren, sech matzedeelen. Dobäi ass dat d’Viraussetzung, fir gutt a manner gutt Erliefnisser am Liewen zesummen ze verschaffen.

Carte blanche vum Anne Brasseur

Besonnesch erschreckend ass et, wann ee gesäit, dass scho Bëbeeën an der Poussette en Handy oder eng Tablett an de Grapp gedréckt kréien a faszinéiert op den Ecran kucken. Dobäi ass gewosst, dass déi Kleng näischt vum Contenu matkréien, vun dem Ronderëm ofgekoppelt ginn an duerch déi permanent Reiziwwerflutung isoléiert ginn. Esou en digitale Babysitter ass zwar ganz kamoud, mee leider och geféierlech. Etüden hu bewisen, dass dee Mëssbrauch spéider Entwécklungsstéierunge mat sech bréngt wéi z.B. Retarde bei der Sproochentwécklung, Konzentratiounsschwieregkeeten oder Mangel u sozialer Kommunikatioun.

Bei Kanner a Jugendleche féiert den iwwerméissege Konsum vun Online-Aktivitéiten zu engem Mangel u Beweegung mat allen negative Konsequenzen. Et ass och bewisen, dass déi sougenannt sozial Netzwierker geféierlech fir Jugendlecher kënne sinn. Esou gëtt jo och iwwert en eventuelle Social-Media-Verbuet fir Jonker diskutéiert.

Et ass dofir ze begréissen, dass den Educatiounsminister Claude Meisch d’Handyen an der Grondschoul verbueden huet a fir déi méi eeler Schüler de Gebrauch limitéiert. An deem Kontext, wéi och allgemeng, ass d’Responsabilitéit vun den Eltere gefuerdert. De Staat soll a kann net alles reegelen.

Dofir ass et mäi Wonsch fir dat neit Joer, dass mir als Erwuessener mam gudde Beispill virginn a manner online sinn, besonnesch wa Kanner a Jugendlecher dobäi sinn. Fir kleng Kanner soll 2026 carrement en Offline-Joer ginn.

Déi digital Welt ass eng fantastesch Welt, wann een et fäerdeg bréngt, sech mat Verstand doran ze beweegen.

Back to Top
CIM LOGO