Carte Blanche vum Georges HellinghausenJean-Pierre Kirsch an 100 Joer PIAC

Georges Hellinghausen
Virun aacht Deeg ass zu Roum e grousse Lëtzebuerger geéiert ginn: de Jean-Pierre Kirsch. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
© RTL

Dat war am Kader vun 100 Joer “Pontificio Istituto di Archeologia cristiana”. Vun dësem päpstlechen Institut fir chrëschtlech Archeologie war 1925 de Jean-Pierre Kirsch vum Poopst Pius XI., mat deem hie befrënnt war, zum Grënnungsdirekter ernannt ginn. Hie staamt vun Dippech an huet gelieft vun 1861 bis 1941. Als europawäit unerkannten Historiker an Archeolog huet hien eng Hellewull vun exzellenten historeschen an archeologeschen Etüde publizéiert, déi bis haut hire Wäert behalen, esou säin Handbuch iwwer déi réimesch Katakomben.

D’Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

De Jempi Kirsch war Professer zu Fribourg, wou hien och munch Lëtzebuerger Studenten ugezunn huet, déi spéider Karriär gemaach hunn, wéi Joseph Bech, Pierre Dupong a Pierre Frieden. Hien ass hin- an hiergependelt tëscht der Schwäiz an der Stad Roum, wou en den éischten Direkter vum PIAC – dat ass d’Ofkierzung vum Archeologeschen Institut – a vum Réimeschen Institut vun der Görres-Gesellschaft war.

Seng bedeitend Recherchen hunn net nëmmen d’Zäit vun der Antik ofgedeckt, mä och d’Mëttelalter bis hin zur Neizäit. Hellegefuerschung, fréichrëschtlech Liturgie a Kierchebau ware seng Spezialgebidder. A villen internationalen Dictionnairen a Fachzäitschrëften huet hie bleiwend Spueren hannerlooss. D’Wierk vum Jean-Pierre Kirsch war monumental an huet gehollef, d’kierchlech Wëssenschaften un der Wenn zum 20. Joerhonnert ze reforméieren. Seng Archivalien, déi op verschiddene Plaze konservéiert ginn, waarden drop, an engem grousse Projet ausgewäert ze ginn. Kulturell gesinn, war de Kirsch beméit, tëscht der romanescher an der germanescher Welt ze vermëttelen.

Virun aacht Deeg ass zu Roum mam PIAC och säi Wierk geéiert ginn, mat enger Poopstaudienz an enger Séance académique a Presenz vum Kardinolstaatssekretär an eisem Ambassadeur beim Saint-Siège. En Timber mat sengem Portrait ass gläichzäiteg zu Lëtzebuerg an an der Post vum Vatikan erauskomm.

Zu Dippech erënnert eng Strooss un de Monseigneur Kirsch, an do steet och nach bis haut säin Heemechtshaus. Begruewen ass dëse bedeitende Lëtzebuerger Geeschtlechen um Campo Santo Teutonico zu Roum am Schied vum Péitersdoum.

Back to Top
CIM LOGO