
Haut schwätzen ech iwwer Bicher. An zwar recommandéieren ech ganz kuerz dräi Bicher vu Lëtzebuerger Auteuren, déi dëst Joer erauskoumen. (1)
Vum éischte Buch hutt Dir vläicht schonn héieren. Dem Nico Helminger säi Gedichtband “Geckegen Hunneg” (Éditions Guy Binsfeld) gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent, dat ass de Präis vun de Lëtzebuerger Editiounshaiser. D’Texter an deem Buch verréckele Säit fir Säit dat, wat ee mengt, datt een op Lëtzebuergesch ka soen. Dem Nico Helminger seng Sprooch kléngt gläichzäiteg kënneg a friem. Et ass Lëtzebuergesch, mee et ass ganz ongewinnt! Et ass e Buch, dat beréiert an dat ee staunen deet.
Dann nach e Buch op Lëtzebuergesch: “LTZBG” (Éditions Guy Binsfeld) vum Samuel Hamen. D’Buch befaasst sech mam Lëtzebuerg vun haut. Et sinn dräi Monologen, an deenen d’Personnagë sech jeeweils an eng Sakgaass verrannt hunn an do musse stoe bleiwen. Si ginn net méi eens mat der Mëschung vun onreflektéierter Konsumkultur a Bornéiertheet, déi d’Gesellschaft bestëmmt, well si entweeder net wëssen, wéi si an esou eng Gesellschaft passen, oder well si d’Orientéierung verluer hunn an engem Ëmfeld, dat sech ëmmer méi rasant ännert. Et ass e rosent a mat ville Momenter trotzdeem immens amüsant Buch. Dir hutt et séier gelies, mee hoffentlech net séier vergiess.
An deem drëtte Buch, dat ech Iech wëll un d’Häerz leeën, geet et dorëms, wat Lëtzebuerg mat engem vun de weltwäit gréisste Responsabele vun der Klimakris ze dinn huet, nämlech der Entreprise Koch aus den USA. Dat ass ee vun de gréisste Pëtrolsproduzenten op der Welt a responsabel fir méi wirtschaftlech, politesch an ökologesch Sauereien, wéi ech lo hei kéint opzielen. D’Buch vum Ian De Toffoli ass spannend, aktuell a mat Momenter onerwaart poetesch. Et ass ënnert dem Titel “Léa ou La théorie des systèmes complexes” beim renomméierte franséische Verlag Actes Sud erauskomm.
Ob et elo dës dräi Bicher sinn oder anerer: Wann ee wëllt, datt et eng Lëtzebuerger Literatur gëtt, muss een heiansdo esou e Buch kafen. Et gëtt zu Lëtzebuerg keng “masse critique”, déi engem dat kéint ofhuelen. Dofir: Kaaft fir Chrëschtdag net just Quatsch. Kaaft och Bicher! Am léifsten natierlech an enger Lëtzebuerger Librairie, well déi brauchen Iech och.
(1) Just dräi, net well et der net méi gouf, mee well een enger Carte blanche net méi ënner Daach kritt.
Ian De Toffoli: Léa ou La théorie des systèmes complexes. Actes Sud, Coll. Papiers, Arles 2025.
Samuel Hamen: LTZBG. Dräi eestëmmeg Geschichten. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2025.
Nico Helminger: Geckegen Hunneg. Sequenzen. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2025.