Carte blanche vum Georges HellinghausenKierch a K.I.

Georges Hellinghausen
D’Kierch an d’K.I. hunn net nëmmen déi zwee éischt Buschtawe gemeinsam. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
© RTL-Grafik

Kierch a Kënschtlech Intelligenz? Bumm. E waarmt Thema. Zënter Joren. A mat Recht.

Et geet ëm méi wéi Technik. Et geet ëm Ethik. Ëm Gewëssen. Ëm Grenzen.

D‘"Pontifical Academy for Life” huet d’Initiativ “Rome Call for A.I. Ethics” lancéiert. Klore Message: Spill mat, mee spill fair. Firmen an Institutioune solle Reegelen opsetzen. A sech och drun halen. Punkt.

An nach méi kloer: De Mënsch bleift de Mënsch. Eenzegaarteg. Net ersetzbar. Virtuell Influenceren? Chill. Bis dohinner, wou se ufänken, Gesiicht, Stëmm a Kreativitéit vum Mënsch ze klauen. Do ass Schluss. Kee Mëssbrauch! Keng Maskerad!

Ka K.I. reliéis ginn? En Alliéierte vu Relioun ginn? Hmm. Deelweis. Si kann erklären. Texter knacken. Froen zur Bibel beäntweren. Hëllefen an der Formatioun. Bei Recherche. An der Katechees. Souguer beim Priedegt-Virbereeden. Alles gutt.

Mee… Seelsorg simuléieren? Geféierlech. Moral erklären? Delikat. Sënn vum Liewen definéieren? Schwéier.

An eng richteg Priedegt kënnt net aus engem Algorithmus. Se kënnt aus Glawen. Erfarung. Gemeinschaft. Dat bréngt keng Maschinn fäerdeg.

Sakramenter spenden? Muss beim Mënsch bleiwen. Spirituell Begleedung? Och. Verantwortung? Souwisou.

Och de Poopst Leo XIV. mécht et däitlech: Bezéiungen tëscht Mënsche sinn net ersetzbar. Net duerch K.I. Déi reell Interaktioun tëscht Persounen däerf net duerch de Flux tëscht Mënsch a Maschinn ersat ginn.

Kuerz gesot: D’Kierch ass net géint K.I. Si seet just: Technik soll déngen. Net dominéieren.

A jo, sécher — et gëtt och déi donkel Säit. Manipulatioun. Fake Info. Kontroll vum Mënsch. Chatte mat K.I.? Ka süchteg maachen. Emotional ofhängeg. K.I.-gesteiert, autonom Waffen? En absolutten No-Go. Liewen a Stierwen däerf keng Maschinn decidéieren.

Also, wat bleift?

K.I. = Chance. K.I. = Risiko. K.I. = Verantwortung.

Fantastesch. A beonrouegend zugläich.

An dofir: Aen op! Kapp héich! Weder vergëtteren, nach diaboliséieren!

Carte blanche vum Georges Hellinghausen

Back to Top
CIM LOGO