Carte Blanche vum Pascale EngelLéiwe Kleeschen - “Maach mir frou meng häerzeg Kanner”

Pascale Engel
Eng Carte Blanche vum Pascale Engel iwwert de Kleeschen, Erënnerunge wéi Gold a wat d’Kandheet fir eis bedeit
© RTL

Carte blanche Pascale Engel

Et ass erëm esou wäit: De Kleesche kënnt. Ouni Zweifel ee vun de wichtegsten Datumer am Kalenner vu ville Kanner a Familljen. Mat dem Kleesche kommen dann och déi traditionell Kleesercherslidder. Klassiker, déi net fortzedenke sinn. Doranner an den “Top Five” ganz sécher, de “Léiwe Kleeschen“. An dësem Lidd wënscht sech d’Mamm vum Kleeschen dat hei:

„Maach mir frou meng häerzeg Kanner, ‘t ass fir mech déi gréisste Freed. Laang nach looss se Kanner bleiwen, ‘t ass déi schéinst, déi glécklechst Zäit, well d’Erënnerung un déi Stonne grad wéi Gold um Liewe läit.“

Dëst Lidd erënnert eis dorunner, wéi wäertvoll d’Kandheet ass. Et geet em Freed, Gebuergenheet a Momenter, déi eis e Liewe laang begleeden. Wa mir Eltere froen, wat si sech fir hir Kanner wënschen, ass d’Äntwert déi am dackste kënnt: “Dass si frou an zefridde sinn.” Glécklech Kanner bedeiten zefridden Elteren. All Investitiounen an d’Wuelbefanne vun eise Kanner droen also och allgemeng zu enger méi zefriddener a stabiller Gesellschaft bäi.

Mee net all d‘Kanner erliewen d’Kandheet als eng golden Zäit. Fir verschiddener ass se gepräägt vu schwéiere Familljeverhältnesser, Aarmut, Krankheet, Doud, oder Krich. Et ginn och Kanner, déi net bei hiren eegene Famille kënnen opwuessen. Fir si kann d’Kandheet zu engem Belaaschtungsfaktor ginn, dee se hiert ganzt Liewe begleet.

Grad um Dag vum Kleeschen, awer och doriwwer eraus, solle mir de Bléck op déi Kanner riichten, déi et schwéier hunn an a Situatioune vu besonnescher Vulnerabilitéit grouss ginn. Wärenddeem déi meescht Kanner feieren, feelt et aneren u Schutz, Stabilitéit oder einfach just engem, deen hinnen nolauschtert. Dëse Kanner musse mir als Gesellschaft bäistoen a si net eleng loossen. All Gest vun Opmierksamkeet, all léif Stonn, déi mir engem Kand schenken, ass méi wéi nëmmen e kuerze Moment vum Gléck. An all Laachen, an all Freed, déi mir erméiglechen, stécht d’Chance, datt ee Kand dat et schwéier huet, Hoffnung kritt a Resilienz kann opbauen. An dat ass dee Message, deen de Kleeschen eis Erwuessenen all Joer nees schenkt: d’Erënnerung an d’Wäertschätze vun der Kandheet – an eis gemeinsam Verantwortung, datt si fir all Kanner liichte soll, wéi Gold um Liewen.

Back to Top
CIM LOGO