
D’Gesondheetskeess CNS schreift rout Zuelen a lo stellt sech d’Fro, wéi kënne mir déi limitéiert Sue sënnvoll asetzen, fir dass d’Bevëlkerung déi richteg Gesondheetsversuergung kritt. Mee wat ass déi richteg Gesondheetsversuergung?
Laut den Auteure vun der Lancet Serie „Right Care“ ass et d’Versuergung, déi Notzen a Schued géigeniwwer ofweit an dobäi déi individuell Situatioun vum Patient (d.h. d’Ëmstänn, d’Wäerter an d’Wënsch) respektéiert.
Aktuell geroden d’Ekippen an de Spideeler, mee och an de Laangzäit-Ariichtungen ëmmer méi oft an d’Dynamik vum „ëmmer méi“. Mee méi ass NET ëmmer besser. „Wéi wäit sollen oder kënne mir goen?“ freet dowéinst d’Nicole Weis-Liefgen, Directrice vun Omega90.
Hei e Beispill: Eng eeler Madame huet e komplizéierte Broch um Ënneraarm, deen ze spéit entdeckt a schif zesumme gewuess ass. Si huet keng Péng a kann hiren Aarm normal benotzen. Natierlech wier et technesch méiglech elo zwou komplizéiert an deier Operatioune mat zwou Narkosen a Spidolsopenthalter duerchzefeieren, mee mécht dat Sënn?
D’Begrenzung vu Behandlungen, wéi hei der Operatioun, bedeit net d’Enn vun der Versuergung. D’Versuergung verfollegt just en anert Ziel. Amplaz vum gebrachenen Aarm steet elo d’Liewensqualitéit am Fokus (Huet si Wéi, Wat ka si nach maachen).
Bei engem Schwéierkranke kéint et bedeiten, dass déi limitéiert Zäit net fir eng präventiv Daarmspigelung, mee fir e Kiermesbesuch mat der Famill genotzt gëtt. Well all Dag, dee mat sënnlose Behandlunge verbruecht gëtt, ass e verluerenen Dag.
Mee dat brauch eng oppen, éierlech an transparent Kommunikatioun mat de Betraffenen an hirer Famill: Well weiderhin op eng onrealistesch Heelung ze hoffen heescht och, sech selwer d’Chance ze huelen, dat verbleiwend Liewe bewosst zesummen ze liewen.
Och fir d‘Gesondheetsberuffer sinn et ethesch komplizéiert Entscheedunge fir déi si, wéi d’Mme Weis-Liefgen zitéiert, „vill wësse musse fir wéineg ze maachen.“. Et ass méi einfach, Prozedure vu A-Z technesch ofzeschaffen. Wat méi schwéier ass, ass esou en Dilemma ze erkennen an déi richteg Schrëtt anzeleeden.
Mam Defizit vun der CNS entsteet awer elo den Androck, een Auswee wier, méi Aufgaben u manner qualifizéiert Personal ze delegéieren. Mee wéi d’Beispiller weisen, gräift des Logik ze kuerz a paakt de Problem net bei der Wuerzel.
Wat amplaz wichteg wier, wier unzefänken, iwwert d’Ursaache vun onnéidegen a souguer enger schiedlecher Versuergung nodenken a versichen dës ze beaflossen. Eng Initiativ, déi genee hei usetzt ass „Choosing wisely”.
D’ANIL hat dës Proposen ënner anerem der Koalitioun fir d’Verhandlunge vum Koalitiounsaccord zoukomme gelooss. Ob se zréckbehale ginn ass, kann ech net soen. Mir krute keng Réckmeldung.
Mee wann ee bedenkt, dass d’Bevëlkerung esou besser an hirem Sënn versuergt wier, an dass gläichzäiteg d’CNS hir Sue méi sënnvoll kéint asetzen, an dass d’Aarbechtslaascht fir déi ze wéineg Dokteren an Infirmièrë reduzéiere géing, DANN ass dat dach eng Iwwerleeung wäert, oder?
5 Froen…
… déi Dir Ärem Dokter laut der „Choosing Wisely“ Initiativ virun engem Test, enger Behandlung oder enger Prozedur stelle sollt:
Quellen:
Choosing Wisely. URL: https://choosingwisely.org/
Lancet Serie (2017) Right Care. URL: https://www.thelancet.com/series-do/right-care
Weis-Liefgen, N. (2025) Zwischen dem Möglichen und dem Nützlichen - Die Frage der Sinnlosigkeit in der Pflege und Behandlung. ANIL News Hierscht 2025