
Laut Draghi-Rapport gesi 60 Prozent vun den europäesche Betriber an der Reglementatioun en Hindernis, fir ze investéieren. Eng rezent Enquête vum däitschen Industrieverband BDI bei senge mëttelstännege Membere weist och d’Reguléierung als Problem Nr.1.
Déi selwecht Betriber sinn der chineesescher Konkurrenz oder héijen Energiepräisser ausgesat, si erliewen onsécher Handelsbezéiungen a steigend Lounkäschten an trotzdeem weise si fir d'éischt mam Fanger op de Problem vun der Iwwerreguléierung. Dat weist, wéi grouss dësen hausgemaachte Problem an Tëschenzäit ginn ass.
Zanter Enn vum leschte Joerzéngt huet de Gesetzgeber sech nach eemol besonnesch gutt dru ginn a sech an ëmmer méi Beräicher vum Betribsliewen agemëscht. Vill vun den neien Texter hunn eng europäesch Originn.
Si féieren zu ëmmer méi Rapporten, Auditen, Kontrollen an neie Responsabilitéiten. De Spillraum gëtt ëmmer méi kleng, an d'Loscht, als Entrepreneur eppes z'ënnerhuelen, och.
Betriber a Verwaltunge kommen net méi no, fir dës Hellewull un neie Reegelen ëmzesetzen. Den Effekt op d’Ekonomie ass vergläichbar mat staark doséiertem Valium. An dat deet besonnesch wéi, wou technologesch a geopolitesch Ëmbréch séier Äntwerten erfuerderen. An d'Konkurrenz zitt laanscht eis.
Deeler vun de politesche Responsabele gi sech lues a lues bewosst, wou si eis Wirtschaft do higesteiert hunn. Et gëtt versicht ze vereinfachen, wat virdru verkomplizéiert gouf. Dat ass ee klengen Ufank, ma de Courage fir e richtege Kurswiessel feelt. Trotz Omnibus an „once only" wiisst de Bierg u Reegele weider. Um Rand gëtt ofgespeckt, an der Mëtt gëtt weider gestapelt.
Datt ee méi wäit goe muss, dorobber hu viru Kuerzem dräizéng EU-Länner ënner der Leedung vun Éisträich higewisen. An enger gemeinsamer Deklaratioun froe si eng Entrümpelung vum EU-Reegelwierk an ee ganzt Joer, an deem Europa ëmsetzt, amplaz nei Texter ze produzéieren. Lëtzebuerg ass net dobäi. Firwat eigentlech net?
Verzicht op noutwendeg Produktivitéits-Steigerungen, dat ass de Präis vum „weider esou“. Ganz Arméie vu Beroder, Juristen, Auditeuren an zousätzleche Beamte preparéieren, rapportéieren a kontrolléieren eng Aarbecht, an där de Konsument kee Mehrwert gesäit. Vum Gesetz verlaangt, mee wirtschaftlech onproduktiv.
An der Lescht héiert een des Ëfteren, datt d'kënschtlech Intelligenz grad an deem Beräich Dausende vun Jobs kéint kaschten. Ech géif soen: et ass staark ze hoffen. Net aus Mangel u Respekt fir déi, déi dës Aarbecht maachen, ma aus der Suerg raus, dass eemol dat Ganzt wechbrécht.
Wann dës Laascht vun Iwwerreguléierung mangels däitlecher politescher Kurskorrektur bleift an et net geléngt, déi Prozesser dramatesch ze vereinfachen an ze automatiséieren, da sinn déi produktiv Aktivitéite fort an da kënnen d’Reguléierer sech selwer reguléieren, nieft deene puer Aarmen, déi d’Lach bis dohinner nach net fonnt hunn.