
A priori ware mer zanter der Entsteeung vun der Mënschheet nach ni sou souverän, am Sënn vun onofhängeg, selbstsécher an iwwerleeën, wéi haut an eiser moderner Gesellschaft. Déi generell Pann vu Luxtrust Mëtt Dezember huet eis awer nees ganz séier d’Limitte vun eisem perséinlechen Afloss gewisen. 24 Stonnen an deelweis doriwwer eraus ouni Méiglechkeet sech digital z’authentifizéieren an z’ënnerschreiwen, schränken eise Modus vivendi drastesch an.
Net nëmmen, datt déi meescht Bankoperatiounen net konnten erleedegt ginn, och déi vill betraffen administrativ Tâchen hunn de Betriber a private Stéit en zousätzleche Stress an de leschten Deeg virum Joresofschloss an de kollektive Congéë verursaacht. De wirtschaftlechen Ausfall schéngt grouss an d’Konsequenzen op de private Kontext waren och manifest, mee bis dato ginn et keng offiziell Estimatioune vum Schued.
Op der enger Säit iwwerweie ganz kloer d’Virdeeler vun der digitaler Ënnerschrëft an Authentifizéierung a méi generell vun der Dematerialisatioun vun enger Rei vu Leeschtungen, d’Risiken an d’Gefore vun dëse komfortabelen a séiere Léisungen. Op der anerer Säit gi grouss Pannen an den IT-Systemer a Reseauen mat enormen Konsequenzen op d’Wirtschaft an d’Gesellschaft méi heefeg. Sief et wéi lo rezent bei Luxtrust, oder bei der Post – wou d’Kommunikatiounsweeër eng länger Zäit ënnerbrach waren oder och bei Energieliwweranten, wéi an de leschten Deeg zu Berlin, wou den Ausfall vum elektreschen Netz den Alldag vun dausende Mënschen extrem belaascht huet.
Souwuel technesch Stéierunge wéi Cyberattacke komme antëscht leider méi dacks vir, a weise jeeweils ganz kloer wéi ofhängeg mer vun der Versuergung mat Stroum an den digitalen Déngschtleeschtunge sinn. En Ausfall vun enger vun dëse Komponenten huet eng grouss Vulnerabilitéit als Konsequenz, wou d’Ausmoosse gravéierend kënne sinn.
A sou enger Krisesituatioun ass deemno eng gutt Kommunikatioun primordial fir e schnellstméiglechen Outcome vun all Betraffenen ze garantéieren. Leider war bei der Pann Mëtt Dezember d’Kommunikatioun wärend der Kriseperiod fir d’éischt inexistent, an du minimalistesch an och an den Deeg duerno si keng wierklech Erklärungen nokomm. D’News op der Internetsäit vum Prestataire affichéieren, fir 2025 nëmmen eng eenzeg Publikatioun, an zwar d’Ëffnungszäite wärend de Feierdeeg fir Enn des Joers.
Et ass keng Trace vum rezenten Tëschefall ze gesinn, sou dat de Client am Moment keng aner Wiel huet, wéi op de Rapport final ze waarden, deen ugangs 2026 sollt publizéiert ginn an ze hoffen, datt eng transparent Kommunikatioun geplangt ass mat kloren Indicatiounen an Alternativen, wéi bei engem Virfall reagéiert soll ginn.