
Mee wat verstoppt sech dohannen drun? Firwat maache mer dat a wisou geet et esou dacks schif ?
Tjo … déi gutt Virsätz.
Ab dem éischte Januar geet et lass. Et schéngt es also, wéi wa mer ee konkrete Startpunkt, e Stéchdatum géife brauchen, fir eppes ze changéieren. Eigentlech wëlle mer jo eppes besser maachen. Eis eppes Guddes undoen. Vläicht droe mer dee Wonsch no Verännerung och scho méi laang mat eis erëm.
Mee Gewunnechte loosse sech net esou séier vun haut op muer ofleeën oder veränneren, a scho guer net iwwer Nuecht.
Derbäi kënnt, dass de Mënsch sech da meeschtens d’Lat och vill ze héich leet, sou dass den Echec quasi virprogramméiert ass.
Wéi sot de Konfuzius: Um Bam vun de gudde Virsätz gëtt et masseg Bléien, mee wéineg Friichten.
Dass eppes blitt ass jo u sech mol guer net schlecht, an eigentlech ass et positiv, wann ee sech eppes Guddes virhëlt. Et bleift leider dacks just bei dësem éischte Schrack an di richteg Richtung, an d’Friichte bleiwen aus.
D’Psychologe schwätzen hei vun Intentions-Verhaltens-Lücke.
Dorënner versteet een, dass d‘Absicht an d’Ausféiere vum Zilverhalen net iwwereneestëmmen. Oder de gudde Wëlle geet awer net duer, fir e Verhalen op Dauer ze veränneren.
Dofir ass et ëmsou méi wichteg, säin Zil ganz genee ze plangen, ze hannerfroen, ob et realistesch ass an ob et och wierklech engem säin eegene Wonsch ass (oder ob een ieren enger anerer Persoun hir Erwaardung erfëlle wëllt). D’Fro ass och, ob ee scho länger Zäit iwwert dëst Zil nogeduecht huet a wéi ee kann eventuellen Hürden en cours de route aus de Féiss goen, Hürden, déi ee kéinte vum gudde Wee ofbréngen.
All des Iwwerleeungen am Virfeld kënnen also ganz nëtzlech sinn, wann ee säin Zil dann och wierklech realiséiere wëllt.
Et muss eng ganz bewosst Entscheedung sinn, dat Zil och partout wëllen ze erreechen.
Vläicht kann et och eng Hëllef sinn, sech mol eng Lëscht ze maache mat deene Saachen, déi een eigentlech ännere wëllt. An dann déi Oplëschtung der Prioritéit no klasséiert. Et ass definitiv méi sënnvoll ee wierklech wichtege realiséierbare Virsaz ëmzesetzen, amplaz eng Hellewull vu klengen Intentiounen net wierklech op en Enn ze bréngen.
Et geet och net duer am Ufank motivéiert ze sinn, mee et ass wesentlech, iwwert länger Zäit standhaft ze bleiwen.
Eng kleng Hëllef kann et sinn, seng Fortschrëtter ze notéieren a se sengem Ëmfeld matzedeelen, sou dass si een och an deem ganze Prozess ënnerstëtzen. Wie wierklech eppes a sengem Liewen ännere wëll, dee kann dat jidderzäit plangen.
Et muss een net de Joreswiessel ofwaarden, fir gutt Virsätz ze huelen.
An ee ganz wichtege Virsaz kéint zum Beispill fir eis alleguer sinn: Sech méi Zäit huele fir seng Famill a Frënn, méi reell Zäit, Opmierksamkeet a Präsenz, net iwwer Ecran, mee am Présentiel wgl..