D'Carte blanche vum Nora SchleichWie profitéiert vu KI?

Nora Schleich
Et ass keen Zoufall, dass KI-Systemer mëttlerweil quasi iwwerall implementéiert sinn an dass den Discours, zumindest aus der Industrie, zimmlech eesäiteg ass. An dës Fro regroupéiert et zimmlech gutt: „Wie profitéiert haut vu KI?“
© Nora Schleich / RTL Grafik

Wann ech eppes net midd ginn ze betounen, ass et dat: KI ass keen neutralen Tool. Et ass net wéi e Bic oder en Hummer. KI Systemer hunn ee strukturellen Opbau, deen NI ouni Date funktionéiert. An dofir och – wéi praktesch – Date sammelen a weider verwäerte kann.

Carte blanche vum Nora Schleich

Wat e KI System méi Daten huet, wat e besser funktionéiert. Wann eng KI besser funktionéiert, gëtt se méi benotzt, also huet een eng méi grouss Muecht. Um Marché. Mee och iwwert d’Benotzer*innen, an dat muss onbedéngt gewosst sinn, wann ee KI benotzt. Grouss Ubidder mat performante KI Systemer wéi Open AI, Meta, Anthropic, Google, etc…. recoltéieren alles, wat Dir online maacht, alles, wat Dir agitt, genau, wéi Dir iech online verhaalt. Dat ass ongeféier sou, wéi wann ee mat engem Schreifblock nieft Iech steet an alles opschreift, wat Dir grad maacht. Och wann Dir näischt ze verstoppen hutt, dat ass him egal, hie schreift op. A späichert dat. A benotzt genee dës Daten, fir de System wieder ze trainéieren.

Dat huet ee schonn oft héieren, ne? An iergendwéi ass et dann awer egal? Mee et geet nach méi wäit: Dës Date ginn zum engen onënnerbrach gesammelt, fir massiv Daten ze hunn an d’KI ze trainéieren, mee zum aneren och, fir Aussoen doriwwer maachen ze kënnen, wéi User*inne sech héchstwarscheinlech verhalen. Sou kann een ausrechnen, wéi eng Reklammen Dir kritt, wéi Ären Insta-Feed ausgesäit, a wat Netflix Iech als nächst proposéiert.

Dat also opgrond vun deem, wat Dir an de System agitt, bewosst, oder wéi dir iech online verhaalt, scho bësse manner bewosst, oder awer och opgrond vun deem, wat aner Mënschen, déi Iech änlech sinn, vu sech präisginn, och wann Dir et net maacht. Dëse System heescht: Prediktiv Analytik. Mat deene massiven Date vu ganze Bevëlkerungsschichte ka spillends ausgerechent ginn, wéi User*inne mat änleche Profiller sech verhalen. Dat heescht, och wann Dir guer keng Ugaben zu sensibelen Theme wéi sexuell Orientéierung, Relioun, politesch Ausriichtung asw. uginn hutt, kann een dat opgrond vun den Date vu Leit, déi Iech änelen an dëst awer uginn hunn, einfach viraussoen.

Et kann een sou och viraussoen, wéi déi Leit mat „deem“ Profil sech warscheinlech wäerten an Zukunft verhalen, opgrond vun Daten, déi vun anere Leit, déi scho méi al sinn, bestinn. Dat heescht, esou kënne Viraussoe gemaach ginn, wéi warscheinlech Dir wäert eng Psychos entwéckelen, depressiv ginn, friem goen, krank ginn – oder den Trump wielen.

Et ass scho beängschtegend genuch, dass déi Systemer dat relativ performant kënnen – mee och, dass et gemaach gëtt, an dass dat ee vun den Haapt-Businesse vun de berüchtegte grousse Firmen ass, fir Geld ze maachen. De Skandal beim Trump senger Wal, wou d’Date vu Millioune Facebook-User*innen
(META AI lässt grüßen) esou ausgelies goufen, fir rauszefannen, mat wéi enge Messagen een si am beschten erreecht, war ee berüümte Fall – well en opgedeckt gouf. An et muss ee soen, dat war "geschickt eingefädelt". D’Konsequenze spiere mer bis haut.

Mam onbewossten Notze vun Online-Plattformen, déi iwwerall scho KI dran hunn, oder vu KI-Sproochmodeller, geschitt also genee dat, wat net ganz praktesch fir eng Bevëlkerung ass: Et mécht ee sech duerchsiichteg, berechebar, kontrolléierbar – a soumat spillends manipuléierbar. Well net seele geet et an eisem Online-Verhalen och ëm ganz perséinlech Problemer oder Besoinen, an ech schwätzen net nëmme vun deem, sech eleng ze spieren an dofir eng Online-Community oder en simuléierende KI Gespréichspartner ze sichen.

Dat ass ee risegrousse Problem, deen oft guer net ernimmt gëtt. E gëtt verdrängt vum Discours iwwert déi iwwermächteg KI, déi eis all killt oder rett, oder e gëtt bewosst net erwäänt. An deem Sënn kann nach sou oft gesot ginn, dass d’Mënschheet vu KI profitéiere kann, well se Aarbechten erleedegt, Krankheete fënnt oder de Klimawandel ophält – awer wie wierklech elo an dëser Minutt massiv a pervers profitéiert, sinn déi grouss Betriber, déi mat all klenger Info, déi mir all onbewosst deelen, nach méi räich ginn. Räich Leit sinn deen enge Problem, faschistesch Leit, déi eng autoritär Regierung forme wäerten, ee ganz aneren. Well wat wëll ee méi, wéi eng virgefäerdegt Lëscht vu „Kategorie“ vu Leit, déi een entweder brauch – oder awer léiwer ganz séier klasséiert.

Dat hei ass kee Märchen – an de Fakt, dass d’KI-Industrie elo op Daten aus den ëffentlechen Déngschter a Verwaltunge kuckt, well der do ganz vill ze huele sinn, ass eng BIG RED FLAG. An am Moment schéngen d’ëffentlech Déngschter sech quasi net bremsen ze kënnen, fir KI iwwerall ze implementéieren. Mee momentan gëtt et nach keng gutt reguléiert KI. A Microsoft oder Google gehéiere sécher net dozou.

Back to Top
CIM LOGO