
Am Ufank vum Joer héiere mir oft déi selwecht Wënsch: Gesondheet. Sécherheet. Gléck. Stabilitéit.
Dat ass verständlech, well d’Welt ronderëm verännert sech ëmmer méi schnell a schéngt eis méi onsécher, méi komplex, méi ustrengend.
An esou Zäiten zéie sech vill Leit zeréck. Net aus Egoismus. Mee aus Middegkeet. Aus Iwwerfuerderung. Oder well se d’Gefill hunn: ech eleng kann näischt änneren.
Dat Gefill ass mënschlech. Mee et ass geféierlech.
Well d’Erausfuerderungen, déi virun eis leien, ka kee vun eis eleng léisen.
An enger Welt,déi ëmmer méi al gëtt, hunn eis Sozialsystemer och eng ëmmer méi wichteg Roll. Parallel ännert sech d’Aarbechtswelt déifgräifend: D’Beruffer, d’Organisatioun, d’Produktioun, d’Erwaardungen: dat si kollektiv Froen, keng individuell Problemer.
Dës Sujete kënnen nëmmen am Dialog geléist ginn tëscht Politik, Patronat a Gewerkschaften.
Dat selwecht gëllt fir d’Sécherheet, fir de Klimawandel, fir d’Zukunft vun eisem Land. Dat verlaangt kloer politesch Decisiounen, déi sech konsequent um “Interêt général à long terme” orientéieren.
An dofir muss een et kloer soen. Rechter si wichteg. Ganz wichteg. Mee an enger Welt, déi sech permanent verännert, kënne Reegelen net fir ëmmer onverännert bleiwen.
Mir erwaarden zu Recht, datt de Staat funktionéiert, wa mir e brauchen. Mee dës Erwaardunge mussen och realistesch bleiwen a mam Allgemengwuel am Aklang stoen.
Vill vun eise Systemer baséieren haut nach op Strukturen, déi an enger anerer Zäit entstane sinn. Si stinn ënner Drock - net just bei eisen Noperen, mee och hei zu Lëtzebuerg.
An enger komplexer Gesellschaft ass et legitim, datt organiséiert Acteuren d’Interessie vun hire Membere vertrieden. Mee wann dës Logik dominéiert, an de Bléck fir den “Interêt général” verluer geet, da gëtt de “Corporatismus” zu enger Schwächt fir d’Gesellschaft als Ganzt.
Ouni d’Bereetschaft, eppes fir d’Allgemengheet ze maachen, ginn och déi beschte Systemer op Dauer fragil.
An enger Gesellschaft, déi staark op Konsum a Fräizäit ausgeriicht ass, gëtt dat séier vergiess. Genee do gëtt Solidaritéit entscheedend!
Net als Schlagwuert. Mee als Haltung. Well ouni Solidaritéit gëtt et keng Resilienz. An ouni Resilienz gëtt et keng nohalteg Demokratie.
Eng Demokratie hält net, well jidderee seng Rechter kennt. Si hält, well jidderee bereet ass, säin Deel bäizedroen am Dialog, am Respekt vun de Reegelen, an am Interêt vun der Gesellschaft als Ganzt. Vläicht kënne mir ons un de Saz vum J.F. Kenndey erënneren: “Fro dech net, wat d’Land fir dech ka maachen, mee wat’s du fir däi Land kanns maachen” - an eis fir 2026 e Joer vun Zesummenhalt a gemeinsamer Verantwortung wënschen.