
Et sinn dacks banal Situatiounen am Alldag, déi d’Diskriminatioun siichtbar maachen, och bei eis am Land. Am Commentaire vun haut héiere mir nëmmen e puer vun de villen Anekdoten, déi betraffe Leit ze zielen hunn.
Et geet ëm déi schwéier Sich no enger Wunnplaz, wann ee gesot kritt, dass d’Wunneng scho verlount ass, mee eng wäiss Frëndin awer eng aner Äntwert kritt. Et si Geschichten aus dem Alldag, deene jiddereen, egal wéi eng Hautfaarf, méi sollt nolauschteren. Geschichten, wéi Persoune virun enger Disko gesot kréien, si kéinten net eran. Op Nofro heescht et „et wiere schoun ze vill Schwaarzer dobannen“.
Et sinn awer och Geschichte vu Persounen déi op der Aarbechtsplaz vu Clientë gesot kréie „vun dir wëll ech net zerwéiert ginn“. Et si Mikroaggressiounen, méi oder manner subtil, awer och schlëmm Diskriminatiounen. Rassismus ass fir ganz vill Leit, och zu Lëtzebuerg, Alldag.