
Op der enger Säit stinn also d’Sozialisten an do virop d’Gesondheetsministesch, déi eng méi virsiichteg Approche huet. Si huet och en Dënschdeg op der Pressekonferenz net ganz iwwerzeegt gewierkt, vun deem, wat se do huet musse soen.
Op der anerer Säit eng DP mat virop dem Premier, deen ënner anerem och iwwer d’Feierdeeg am Ausland war – de Chrëscht-Interview* gouf jo net fir näischt op Wonsch vum Xavier Bettel schonn am Virfeld opgeholl. De Premier also wëll elo mat dësen onséchere Prognosen déi net essentiell Butteker nees opmaachen an huet domat och ganz kamoud festgeluecht, wéini d’Solden dann nees dierfen ufänken.
Schéin Annonce, déi een als DP do de Geschäftsleit dierf maachen.
An natierlech geet et beim Commerce ëm vill méi wei zum Beispill e Louis-Vuitton-Buttek an der Stad. Eng Kritik, déi schonn op de soziale Medien ze liesen war. Et geet ëm vill kleng Butteker iwwerall uechter d’Land zu Esch, zu Déifferdeng, zu Ettelbréck zu Wolz an zu Klierf, fir der just e puer erauszepicken. Et sti vill Existenzen um Spill. Et just erofbriechen op Luxus-Butteker, verfeelt eng ganz mënschlech Dimensioun.
Mä natierlech ass d’Roserei bei der Horesca a virop dem President Alain Rix grouss a mir missten all zesumme mat him op d’Barrikade goen. Well jo, wann d’Geschäfter nees opginn an zousätzlech d’Schoulen (och een DP-Ressort) – a mat den bekannte Risken d’Zuelen nees an d’Luucht ginn, da bleift de Secteur wäit iwwert den 31. Januar eraus zou. Restauranten a Caféen, déi schonn zanter dem 26. November keng Clientë méi zerwéiert hunn. Wa se dann dierften den 1.Februar nees opgoen, wäre si am Ganze schonn 125 Deeg zou gewiescht.
De Xavier Bettel schwätzt vun der mentaler Gesondheet. Enfin... oder op eemol muss ee sech do froen?
Zanter 2015 gëtt de Beruff vum Psychotherapeut unerkannt, ma bis haut kritt ee Consultatiounen net rembourséiert. Psychiatrien lafen iwwer an dat och net eréischt zanter dëser Pandemie.
A ganz éierlech. De meeschte Leit wär a mengen Ae gehollef, wa se hir Kolleegen an hir Léifst nees dierfte gesinn an dat ass wuel éischter an engem Café oder Restaurant bei engem gudde Patt a Plat wéi zesumme Boxen a Strëmp kafen am Buttek X&Y.
[*Note de la rédaction: Den Neijoerschinterview gëtt traditionell vun RTL scho laang am viraus beim Staatsministère ugefrot. Duerch déi speziell Pandemie-Zäit an där mer liewen, war et d’Demande vun RTL-Säit, fir den Interview sou no wéi méiglech um 1. Januar 2021 ze maachen. Aus dem Staatsministère koum dunn d’Propose, fir den Interview op den 28. Dezember ze leeën.]