Marc RuppertBildung - Back to basics!?

Lieserbréif vum Marc Ruppert
Zanter Jore soe Sproocheproffen, dass den Niveau am Schreiwen a Liesen dramatesch fält op de 7ème, 6ème a 5ème Klassen. Parallel dozou huelen déi spezifesch Besoinen an d'Amenagementer zou.
© RTL Grafik

Ursaachen? De Confinement huet säint dozou bäigedroen. Allgemeng spillt den Asaz an d'Zäit, déi d'Eltere mat hire Kanner (sënnvoll) verbréngen (oder net méi) eng Roll. D'digital Medien, déi deels schonn am klengen Alter iwwerméisseg fir Videoen a "Scrolling" benotzt ginn, spillen eng Roll. An... feelend a falsch Äntwerte vun der Politik.

Et war maximal "problematesch" gratis Ipade landeswäit u Schüler ze verdeelen, wou villfach kee pädagogescht Konzept stoung a parallel d'Schwieregkeete bei de "Basics" wéi Liesen a Schreiwen zougeholl hunn.

Et war an ass maximal "problematesch", dass zanter méi wei 10 Joer gefuerdert gëtt, dass de Redoublement nees am Cycle inférieur muss agefouert ginn, fir Problemer net ze verschleefen, an awer ëmmer nach keng Reform komm ass.

Et ass problematesch, dass de Bewäertungssystem am Fondamental an domat verbonnen d'Orientéierung oft net op kloren an novollzéibare Krittäre baséiert an allgemeng de Leeschtungsprinzip erof geet a Gefällegkeeten zouhuelen.

Virun allem awer ass et problematesch, wann dësen Entwécklungen (an aneren) vun uewen erof net konsequent a schnell entgéint gewierkt gëtt a Prioritéiten net bei de klassesche "Basics" leien an engem einfachen, konsequente Bewäertungs- a Promotiounssystem! Et sinn evident Saachen, déi am Alldag an de Schoule schif lafen. Et si Saachen, déi sech politesch net grouss ukënnegen, verkafen, fotograféieren a filme loossen, mee déi vun de Leit um Terrain gefuerdert ginn an iwwerfälleg sinn.

"Back to basics" huet et emol eng Kéier geheescht. An d'Eltere misste mat an d'Verantwortung geholl ginn. Efforte missten zielen. Dat war ënnert der bloer Ministesch Brasseur. Virun 23 Joer... D'Faarf vum Minister huet net gewiesselt, wat dann?

Back to Top
CIM LOGO