LogementskrisDat, wat schonn do ass, besser notzen!

Lieserbréif vum Fabricio Costa
© RTL Grafik

Déi Jonk manifestéiere géint d'Logementskris. Déi vun hinnen, déi net d'Chance hunn Ënnerstëtzung aus dem Elterenhaus ze kréien, leide scho laang ënnert dem Mangel u bezuelbarem Wunnraum. Si ginn elo op d'Strooss, well si es genuch hunn. An dat ass méi wéi verständlech.

An am Fong sollte mer all frou driwwer sinn. Well et ass an eiser aller Interessi, dass sech eppes deet. Och déi, déi haut an enger gudder Wunnsituatioun sinn, hunn näischt dovun, wann d'Situatioun sech net verbessert. De Mangel u Wunnraum ass nämlech net just e Problem fir déi, déi haut keng Wunneng hunn, mee och schlecht fir d‘ekonomesch Entwécklung an de sozialen Zesummenhalt vun eisem Land. An dorënner leide mer alleguer.
D'Fro, déi bleift, ass dann awer dës: wat genau sollt ënnerholl ginn?

Ech wëll hei just op ee Punkt agoen, dee menger Meenung no an der Debatt ze kuerz kënnt. Dofir muss ee sech d'Zuelen zur Verdeelung vum Wunnraum aus de leschten zwou Vollekszielungen ukucken. Do weist sech follgendes:

De Wunnraum zu Lëtzebuerg ass ongläich verdeelt. Am Duerchschnëtt hu Residenten mat der lëtzebuergescher Nationalitéit 73 m2 op de Kapp, wärend z.B. portugisesch Staatsbierger mat 35 m2 manner wéi d'Hallschent dovun hunn.

Den disponibele Wunnraum pro Kapp ass deelweis immens héich. Leit, déi eleng liewen, hunn am Duerchschnëtt 95 m2 Wunnfläch. Dëst ass wuelgemierkt en Duerchschnëtt. Nieft all deenen, déi eleng a klenge Studioe liewen, mussen et also och ganz vill Leit ginn, déi eleng op däitlech iwwer 100 m2 wunnen.

Mir hunn zu Lëtzebuerg e Mangel u méi klenge Wunnengen. Just knapp 5% vun de Logementer hunn ënner 50 m2. Ganzer 65% hunn 100 m2 oder méi. Dat bedeit manner Offer vu méi klenge Wunnengen an der Locatioun, ergo méi héich Loyeren, an dat bei Logementer déi grad interessant sinn z.B. fir jonk Beruffstäteger.

Dës Zuele weisen: et wier schonn eppes erreecht, wann de Wunnraum, deen haut schonn existéiert, besser genotzt géif ginn. Ma wéi kréie mir dat hin?
Eng Méiglechkeet wier d’Schafe vu klenge Logementer an Eefamilljenhaiser mat eegener Entrée, sougenannte „Logements intégrés“, ze begënschtegen. Hei gëtt et en enormt Potential fir neie Wunnraum ze schafen, wëssend wéi vill grouss Eefamilljenhaiser mir zu Lëtzebuerg hunn, och an der Stad. Dëst géif grad méi där klenger Wunnenge schafen, där mer der esou wéineg hunn. Fir d’Proprietären ass et och finanziell interessant. De Staat gëtt säit 2023 e Subsid dofir, ma dee gouf bis elo landeswäit réischt 21 mol an Usproch geholl. D’Bautereglementer stinn hei deelweis am Wee, well an de bestoende Gebaier verschidde Reegele wéi Mindestsurface oder Héicht vum Plaffong net kënne respektéiert ginn. Dëse Modell misst däitlech méi gefërdert ginn, och vun de Gemengen.

Genausou sollte mer och driwwer nodenken, d’Droits d’enregistrement beim Kaf fir den Eegegebrauch op quasi Null ze setzen, fir et de Leit méi attraktiv ze maachen, hir Wunneng ze wiessele wann sech d’Liewenssituatioun ännert. Haut ass et esou, dass ee bei all Kaf 7% Droits d’enregistrement muss bezuelen. Do hëlleft de bëllegen Akt och just bedéngt, well dee gëtt et just ee mol a mat den aktuelle Präisser geet deen och oft net duer. Ausser dass de Staat dovun all Joer Recetten a Milliounenhéicht huet, huet dës Steier keng Existenzberechtegung. Géif een d‘Droits d’enregistrement beim Kaf vun engem Logement fir den eegene Gebrauch op quasi null setzen, géif dat d’Leit éischter dozou encouragéieren, z.B. bei enger Koppel wann d’Kanner aus dem Haus sinn, an eng méi kleng Wunneng ze plënneren, woumat neie Wunnraum fir jonk Familljen nees fräi gëtt.

Schliisslech brauche mer och endlech eng konsequent Besteierung vun eidelstoendem Wunnraum. Natierlech kënnen et gutt Grënn ginn, firwat eng Immobilie eidel stoe kann, z.B. bei engem Ierfschaftssträit, an dëst sollt och net onnéideg bestrooft ginn. Ma wann eng Wunneng ouni raisonnabele Grond eidel steet, da brauch et e finanziellen Ureiz, fir dass dës nees op de Marché kënnt. Genau hei muss eng Leerstandsteier usetzen. Amplaz de Gesetzesprojet an der Chamber am Tirang leien ze loossen, muss d’Regierung endlech virumaachen.

Jo, fir d’Logementskris ze léise muss natierlech virun allem neie bezuelbare Wunnraum gebaut ginn. Ma mir sollten och déi richteg Ureizer setzen, fir dass dat, wat haut schonn u Wunnraum do ass, och méi effikass genotzt gëtt.

Et geet net drëms, iergendeen zu eppes ze forcéieren, mee e politesche Kader ze setzen, deen e besseren Ëmgang mat eisem dach esou knappe Wunnraum fërdert.

Fabricio Costa
Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, déi gréng

Back to Top
CIM LOGO