Bâtiments publics no Mosar-KritikMamer Schwämme "vollstänneg ausgelaascht" oder "intensiv" benotzt

François Aulner
Zu Mamer sinn aktuell dräi Schwämmen – Kinneksbond, Lycée Josy Barthel an Europaschoul. Dat präziséieren d’Bâtiments publics op Nofro hin, nodeems den CSV-Députéierte Laurent Mosar de leschten Donneschdeg bei eis op der Antenn de Bau vun enger fënnefter Schwemm fir den neie Sportlycée zu Mamer hannerfrot hat. Déi ass effektiv geplangt, mee wier dann déi véier Schwämm um Mamer Territoire.
© Alain Piron / Gemeng Mamer

D’ Schwämm fir den neie Sportlycée gesäit e Becke vu 50 x 20 Meter mat aacht Bunne vir, "dee fir d’Besoine vum Sportlycée an de Schwamm- an Triathlon-Federatioune konzipéiert ass", esou d’Bâtiments publics. D'Baukäschte vum Gebai vun der Schwämm inklusiv Vestiairen a Verbindung an d'Sportshal leie bei 31 Milliounen Euro.

Op d'Iddi vum Laurent Mosar, datt d'Schüler vum neie Lycée vläicht kéinten an den anere Schwämme schwamme goen, äntwert d'Verwaltung ausféierlech, fir z'erklären, datt d'Schwämm vum Lycée Josy Barthel wärend de Schoulstonne "vollstänneg ausgelaascht ass" an ausserhalb vun där Zäit "intensiv" genotzt ass. Dat selwecht gëllt fir déi vun der Europaschoul. Béid Schwämme mussen och gebotzt an ënnerhale ginn.

Donieft heescht et: "Fir de reguläre Schoulsport am Secondaire ass eng 25-Meter-Schwämm am Allgemengen adequat. Fir d'Besoine vum Leeschtungs- a Kompetitiounssport ass awer eng 50-Meter-Schwämm erfuerderlech, fir den Ufuerderunge vun de federale Trainingsprogrammer an der Virbereedung op héijem sportlechem Niveau gerecht ze ginn."

Mam Sportlycée géingen um Enn alles an allem bal 5.000 Schüler souwéi verschidde Veräiner an Associatiounen dräi Schwämmen deelen, esou nach d’Bâtiments publics. Dat géing weisen, "datt déi disponibel Infrastrukture schonn haut intensiv genotzt ginn an nëmme limitéiert zousätzlech Kapazitéiten zur Verfügung stinn."

Nieft dem Bau vun enger zousätzlecher Schwämm zu Mamer hat de Laurent Mosar de Kaf vun der Hallschent vum K22-Gebai hei um Kierchbierg hannerfrot. Hei huet de Staat 273,5 Milliounen Euro op den Dësch geluecht.

Back to Top
CIM LOGO