Table ronde vu Jonglënster: E Shared-Space am Zentrum?
Kannerbetreiung, Wunnen a Mobilitéit waren d'Haaptthemen op der politescher Table ronde zu Jonglënster.
Bleift Jonglënster nom 8. Oktober an CSV-LSAP-Hand oder kann d’DP, déi bei de leschte Wahle stäerkste Kraaft gouf, hir Revanche huelen an de Buergermeeschter stellen? A packen déi Gréng dës Kéier den drëtte Sëtz? Dat ass den Enjeu vun de Gemengewahlen an der gréisster Gemeng am Osten zu Jonglënster, vu wou eis Table ronde e Samschdeg an der Mëttesstonn komm ass. Haaptthemen Wunnen, Mobilitéit an d’Schoul- a Betreiungsstrukturen.
Nom Contournement, soll mëttelfristeg de Stadkär vu Jonglënster verkéiersberouegt ginn. Wéi den CSV-Buergermeeschter Romain Reitz e Samschdeg an der Mëttesstonn am Kader vun der politescher Table ronde op eiser Antenne sot, krut de Lënster Schäfferot d’lescht Woch e Verkéierskonzept vum zoustännegen Nohaltegkeetsministère virgestallt, mat deem déi al Haaptstrooss d’N11 vun 2019 un zeréckgebaut soll ginn. An Zukunft soll eng Vëlospist riets a lénks laanscht d’N11 duerch ganz Jonglënster goen. Parteiiwwergräifend gëtt sech zu Lënster donieft fir e shared-space Konzept am ale Stadzentrum ëm d'Busgare staark gemaach. Den Nohaltegkeetsministère proposéiert eng 30er-Zone. Déi Verhandlunge sinn allerdéngs nach net ofgeschloss. Wéi gesot géif dëse Projet awer réischt 2019 an Ugrëff geholl ginn.
A Saache Paschtoueschhaus da war et d’Nouvelle, datt déi zwee juristesch Avisen déi d’Oppositioun gefrot hat, virleien an am nächste Gemengerot d’nächst Woch e Freideg virgestallt ginn. Sou wäit d’Majoritéit d’Avisen analyséiert, wier kee Feeler gemaach ginn. D’DP an déi Gréng hate bekanntlech, nieft dem Präis, d’Proprietéitsverhältnisser kritesch hannerfrot.
De Grondsteen fir déi nei Maison-Relais zu Gonnereng ass zwar geluecht, ma fir all Kanner fir dëst Schouljoer ënner Daach ze kréien, musse Containeren opgestallt ginn. D’Spëtzekandidate vun der DP an déi Gréng kritiséieren dëse Manktem u Wäitsiicht vun der aktueller Majoritéit. Déi Gréng hätten an de leschte 6 Joer ëmmer rëm op d’Waardelëschten opmierksam gemaach, sou de grénge Spëtzekandidat Christian Kmiotek.
Mat derbäi waren de Buergermeeschter Romain Reitz vun der CSV, den 1. Schäffe Mike Hagen vun der LSAP, de Gilles Baum vun der DP an de Christian Kmiotek vun déi Gréng.
Am Virfeld vun der Table ronde zu Jonglënster goufen och d'Awunner ëm hir Meenung gefrot.
IWWERBLÉCK iwwer eis Table-Ronden:
Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:
9. September: Esch/Uelzecht
Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).
12. September: Hesper
Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).
16. September: Clierf
Mam aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).
19. September: Ettelbréck
Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), dem Schäffe Bob Steichen (LSAP), dem liberale Gemengerot Alain Feypel an dem Gemengerot Abbes Jacoby (déi Gréng).
23. September: Jonglënster (12h00-15h00)
Mam aktuelle Buergermeeschter Romain Reitz (CSV), den 1. Schäffen Mike Hagen (LSAP), de Gilles Baum (DP) an de Christian Kmiotek (déi Gréng).
26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)
30. September: Gréiwemaacher (12h00-15h00)
3. Oktober: Lëtzebuerg (11h00-14h00)
Mat der aktueller Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP), François Benoy (déi Gréng), Serge Wilmes (CSV), Marc Angel (LSAP), Guy Foetz (déi Lénk), Roy Reding (adr).
