D'Famill vum Emran huet nach ëmmer keng Äntwerten
De 24. November waren et genee sechs Joer hir, dass um Stater Wantermaart eng Äisskulptur vun 2,50 Meter Héicht an 2 Tonne Gewiicht op d'Kand gefall sinn.
Ronn 700 Kilo sinn op de klengen Emran gefall, deen deemools nach net grad 3 Joer al war. Mat Äisskulpture sollt de Leit eng schéi Visitt um Wantermaart um Knuedler gemaach ginn. Wéi d’Skulptur an de Koup gefall ass, gouf dem Bouf säi Kapp widder d’Clôture vun der Äispist gedréckt. D’Kand ass méi spéit un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen. Do kënnt d’Fro op: Wéi konnt dat geschéien?
Sechs Joer no dësem trageschen Accident huet d’Famill nach ëmmer keng Äntwerten. Wien ass responsabel? Wien huet den Haaptfeeler gemaach? Wat war iwwerhaapt de Feeler? Nach ëmmer wësse si et net.
2021 sollt den Dossier ofgeschloss sinn. Deemools krut d’Famill verséchert – och vun der Stater Gemeng – dass de Fall esou séier ewéi méiglech géif opgekläert ginn. Zanter leschtem Joer hätt sech awer net vill gedoen, erkläert de Ragbet Hamza, de Papp vum Emran:
"Vu leschtem Joer u bis elo ass absolutt näischt bougéiert, wéi mir d’Info vun eisem Affekot hunn, et ass absolutt näischt bougéiert. Dat heescht den Dossier ass do, wou en och virun engem Joer war. Wat fir eis guer net ze verstoen ass. Mir stellen eis wierklech d’Froen, wéi kann een den Dossier einfach esou stoe loossen, wann et ëm den Doud vun engem Kand geet?"
Generell hunn si wéineg Versteesdemech fir déi enorm Delaien: "Am grousse Ganzen ass et net einfach an der Rei, fir den Dossier ze blockéieren, oder probéieren, ze blockéieren. An och virdrun den Untersuchungsriichter mat Expertisen ze beschäftegen, fir dass den Dossier an d’Längt gezu gëtt. Mir soen eis einfach: Wat soll dat? Mir mussen domat liewen, eist Kand ass dout. Mir mussen domat liewen. An déi aner Säit probéiert permanent, dat an d’Längt ze zéien."
Fir d’Famill ass et essentiel, dass et zu engem Prozess kënnt. Net, fir kënnen een ze beschëllegen, ma fir ze verstoen, wéi dësen Accident iwwerhaapt konnt zustane kommen. Fir si ass de wichtegste Punkt, dass d’Ursaach gekläert gëtt, fir dass an Zukunft esou Tragedien net méi geschéien.
Explikatioun vun der Administration Judiciaire
An enger schrëftlecher Ausso erkläert den Henri Eippers, Porte-Parole vun der Administration Judiciaire:
“Et ass absolut verständlech, dass d’Elteren net zefridde sinn, wat d’Vitess ugeet mat där den Dossier virukomm ass, an dass si déi Etapp hannert sech wëlle bréngen, fir hiren Deuil kënnen ze maachen. Fakt ass awer och, dass mir an engem Rechtsstaat sinn, an dass deen eng Rei Prozeduren a Rechter vun alle Parteie virgesäit. Déi erklären dann och verschidden Delaien. D’Chambre du conseil vun der Cour d’appel, bei där den Dossier elo läit, probéiert fir hiren Deel esou séier wéi méiglech déi Abberzuel vun Dossieren ze evakuéieren, mat deenen si befaasst gëtt. Ech ka just nach bäifügen, dass aktiv um Dossier geschafft gëtt an eng Decisioun vun hirer Säit an absehbarer Zäit wäert geholl ginn.
An dann ass een och driwwer fixéiert, wéi vill Persounen sech an ëffentlecher Sëtzung veräntwerte mussen.”