Zwee Zaldote vun der US-Nationalgard sinn e Mëttwoch an der Géigend vum Wäissen Haus zu Washington D.C. ugeschoss an déidlech blesséiert ginn.

Wéi e Spriecher vum Donald Trump matdeelt, wier den US-President iwwer déi - Zitat - "tragesch Situatioun" informéiert ginn.

D'Ministesch fir déi bannenzegst Sécherheet Kristi Noem hat op der Plattform "X" dozou opgeruff, fir déi zwee Membere vun der Nationalgard ze bieden, hat allerdéngs näischt zum gesondheetlechen Zoustand vun deenen zwee gesot.

Géint 22 Auer europäescher Zäit koum dann d'Nouvelle, dass béid Zaldoten an engem kriteschen Zoustand an e Spidol transportéiert goufen, wou si schliisslech un hire Blessure gestuerwe sinn. De Gouverneur vum Bundesstaat West Virginia, aus deem béid Affer stamen, huet hiren Doud op "X" confirméiert.

Wéi ABC News schreift, wier nom Tëschefall eng verdächteg Persoun festgeholl ginn.