Tëscht 1981 an 2018 ass d'Populatioun hei am Land ëm 65% an d'Luucht gaangen, vu knapps 365'000 op elo iwwer 602'000.

Lëtzebuerg ass dat europäescht Land mam gréisste Bevëlkerung-Wuesstem. An de leschte bal 4 Joerzéngte gouf et eng Croissance vun iwwer 60%. De Grond fir d'Evolutioun ass d'Immigratioun. Ënner anerem dat seet den neien demographeschen Atlas vum Statec, e ganz décken Dossier, mat 73 Säiten a mat 27 Kapitelen. De Pit Everling huet doduerch gebliedert an ënner anerem déi geografesch Verdeelung vun der Populatioun ënnert d'Lupp geholl.

Bësse méi ewéi 600'000 Leit hunn op den 1.  Januar 2018 zu Lëtzebuerg gelieft.
Keng Iwwerraschung: déi meescht Mënsche wunne ronderëm d'Stad an am Minette.
D'Kantoner Lëtzebuerg an Esch sinn ongeféier d'selwecht grouss peupléiert, si representéieren eleng bal 60% vun der Populatioun vum Land. Déi aner 10 Kantoner also zesumme gutt 40%.
De Kanton mat de mannsten Awunner ass iwwregens Veianen, do liewen eppes méi ewéi 5.000 Leit.

RTL

© RTL

Bei de Gemenge steet, wéi net anescht ze erwaarden, d'Stad Lëtzebuerg awunnerméisseg um Podium. Ronn 116'000 Leit waren Neijoerschdag 2018 do gemellt.
D'Haaptstad representéiert domatten 1/5 vun der Gesamtpopulatioun.
No der Stad kënnt d'Gemeng Esch mat ronn 35'000 Awunner. Déifferdeng kënnt op 26'000, Diddeleng op knapp 21'000, duerno kommen der Rei no d'Gemenge Péiteng, Suessem, Hesper, Beetebuerg, Schëffleng a Käerjeng.
Déi awunnerméisseg klengste Gemeng am Land ass Sëll, 790 Leit hunn do hiert Doheem.

RTL

Wat d'Croissance ugeet, sinn d'Gemengen absolut net d'selwecht evoluéiert.
De gréisste Wuesstem gouf et a an de leschte Joerzéngten a rurale Gemengen am Norden an Zentrum vum Land.
D'Mëllerdall-gemeng Beefort huet sech tëscht 1981 an 2018 zum Beispill méi ewéi verduebelt.

D'Stad a grouss Gemengen am Südweste vum Land sinn zwar gewuess, a Prozenter gesinn awer manner staark. Méi lues goung et virun allem a méi klenge Stied soss am Land. D'Croissance zu Dikrech, Iechternach oder Ettelbréck war zum Beispill manner grouss.

RTL

© RTL

Eriwwer bei d'Densitéit dann. Am Joer 1821 hunn zu Lëtzebuerg 51,8 Persounen op engem Kilometercarré gelieft. Den 1. Januar zejoert waren et der 232,8, also méi ewéi 4 mol souvill. An der Stad liewen op engem Quadratkilometer 2.260 Mënschen. Déi aner Säit op der Leeder fanne mer d'Gemeng Kiischpelt, do sinn et 36 Leit.

RTL

© RTL

Déi gréisst Konzentratioune bei der Densitéit fanne mer an de sougenannten urbane Polen. Also an der Stad, dem Minette-bassin an an der Nordstad.

Weider Detailer aus dem demographeschen Atlas vum Statec e Méindeg op RTL Radio Lëtzebuerg an hei op RTL.lu.