D’Vinsmoselle verkeeft déi al Genossenschaftskellerei zu Greiweldeng.

Fir 2 Milliounen Euro gëtt d’Gemeng Stadbriedemes neie Proprietär vum Gebai.
 
Et hätt ee scho méi laang no engem Repreneur gesicht. Déi eenzeg Offer déi erakomm ass, koum vun der Gemeng Stadbriedemes. “Et ass denkmalgeschützt. An als Gemeng solle mer ëmmer mam gudde Beispill virgoen, fir esou Saachen ze erhalen an ze promovéieren”, seet de Buergermeeschter Robi Beissel.

Vun 1930 bis 1993 gouf an der Genossenschaftskellerei Greiweldeng Wäi produzéiert. Duerno ass d'Gebai vun der Vinsmoselle just nach fir de Stockage vu Cremant genotzt ginn. Zenter e puer Joer ass d'Gebai un dräi Handwierksbetriber an eng Privatpersoun verlount. 
 
Déi véier Locatairë maache sech elo Suergen, wéi et weidergeet wann d'Gemeng bis Proprietär ass. E Freiden hat d'Gemeng eng éischt Reunioun mat hinnen. Do wäre si awer net gewuer ginn, wéi et mam Gebai soll weidergoen oder wéi eng konkret Pläng d’Gemeng fir déi al Kellerei hätt.

 
“Soulaang mir dat Gebai net hunn, soulaang mer den Akt net ënnerschriwwen hunn, kënne mer do eis dozou net äusseren”, erkläert de Schäffe Jean Kox. “Esoubal mer den Akt gemaach hunn, wäerte mer eng Aarbechtssëtzung mam Gemengerot maachen, e puer Pläng ausschaffen, Etüde maachen, wat an deem Gebai machbar ass, an da géife mer eis sou schnell wéi méiglech och mat de Locatairen zesummesetzen.”
 
Viru kuerzem huet d’Vinsmoselle jo och d'Caves du Sud zu Rëmerschen un de Staat verkaf. D'SNHBM krut den Optrag, fir hei Wunnengen dran ze maachen.