Bei der Robbesscheier gouf dëse Weekend déi 36. Editioun vum traditionellen Haupeschfest gefeiert.

Als Ofschloss waren dëse Sonndeg ronn 100 Verkeefer aus der Groussregioun um Hobbymaart ze fannen. Op verschiddene Stänn hu si hir handgemaachen a lokal Produiten ugebueden. Vun Iessen a Gedrénks, iwwer Dekoratiounsobjeten, Kosmetik, Spillsaachen a méi gouf et nawell allerhand z’entdecken. Alles dat um Site vun der Robbesscheier. Do, wou och soss am Joer d’Nohaltegkeet am Vierdergrond steet.

D’Schwëstere Sophia a Saskia Pfaffen waren ee vu ville Familljebetriber, déi hei um Haupeschmaart e Stand haten. Hire Papp produzéiert selwer Dekoratiounsobjeten aus Holz an d’Duechteren hunn dës zu Munzen verkaf.

Och Boxemännercher gouf et elo fir déi kommend Adventszäit ze kafen. Mataarbechter vun der Robbesscheier hu fläisseg an der Bakstuff vum alen Doléinerhaus kiloweis selwergemaache Boxemännercher an dräi verschiddene Varianten hiergestallt. Gebak goufen dës an engem alen Holzuewen a fir den Deeg si lokal Produite vun der Robbesscheier benotzt ginn, erzielt d’Linda Parisot, déi e groussen Deel vun de Boxemännercher gebak huet.

Méi kleng Saachen, déi sech virun allem als Kaddo gutt hierginn, gouf et natierlech och. Den Tonio Intini, zum Beispill, stellt eege Seefen hir an dat zanter zwee Joer. Och hie war um Haupeschmaart vertrueden an huet allerhand Seefe mat verschiddenen Gerécher a Musteren ugebueden.

Den Haupeschmaart war alt erëm eng Kéier en Erfolleg a wäert och d’nächst Joer nees am Hierscht bei der Robbesscheier zu Munzen organiséiert ginn.

Hei fannt Dir d'Fotoe vu Bäerdref: