De Grand-Duc Jean feiert 95 Joer
Hien huet zesumme mat senger Mamm dat lescht Joerhonnert vum Grand-Duché markéiert, wéi bal keng aner Perséinlechkeet: de Grand-Duc Jean.
De Grand-Duc Jean feiert op den Dag vun haut säi 95. Anniversaire.
Wann een duerch d'Biographie vum Papp vum Grand-Duc Henri bliedert, ass et wéi e Passage duerch déi grouss Amenter vun der Lëtzebuerger Geschicht. De Grand-Duc Jean huet 8 Regierunge gesi kommen a goen, Krise mat duerchlieft an ëmmer nees duerch säin zeréckhalend Wiesen impressionéiert.
De Roy Grotz zeechent de Portrait vun engem Mënsch, op deen d'Land kann houfreg sinn, an deen haut gefeiert gëtt...
Dat ouni grouss Zelebratiounen, mä esou wéi et de Grand-Duc Jean gär hutt: zesumme mat Leit, mat sengem Vollek, nämlech e Samschdeg an der Philharmonie.
36 Joer laang stoung de Prënz Jean, wéi vill eeler Leit de Grand-Duc nach nennen, un der Spëtzt vum Land; et gouf him an d'Wéi geluecht, fir als eelste Fils vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Félix op den Troun ze kommen. Tëscht der Gebuert de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg, an dem Trounwiessel 1964, loungen d'Krichsjoeren, déi de Grand-Duc Deels am Exil an den USA erlieft huet, fir sech dunn awer a Groussbritannien als Colonel bei den Irish Guards z'engagéieren. 5 Deeg nom D-Day ass de Prënz Jean zu Bayeux mat sengem Regiment débarkéiert a war den 3. September '44 derbäi, wéi Bréissel liberéiert gouf. 7 Deeg drop gouf de Prënz mat sengem Papp um 10. September begeeschtert an der Stad empfaangen. De fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker huet dës Period esou beschriwwen:
Jean-Claude Juncker: De Grand-Duc huet de Krich net hannert engem Schreifdësch, wäit ewech vun der Front erlieft... nee, hie war do, wou och déi aner Zaldote waren... do wou geschoss ginn ass, an do wou gestuerwe gouf. Dovu schwätzt de Grand-Duc ni, an dofir wëssen och vill Leit dat net.
Wéi d'Land zesummenhält huet de Prënz Jean tëscht 1951 an 61 als Member vum Staatsrot geléiert, 1953 war et d'Hochzäit mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte, e Mariage dee 5 Kanner sollt kréien.
Den 12. November 1964 gouf de Prënz Jean Grand-Duc an huet säi feierlechen Eed am Palais ofgeluecht.
Déi éischt Staatsvisitte vun der neier groussherzoglecher Koppel waren am Vatikan an duerno a Brasilien. Aner Visitte wéi an der deemoleger Sowjetunioun, dem Senegal, a China, den USA oder och a Mexiko a Japan koumen no, alles an allem 33 Stéck.
Grouss Éier dunn am Mee 1986 wéi d'Lëtzebuerger Vollek de Karlspräis krut, deen de Grand-Duc Jean zu Oochen entgéintgeholl huet.
Am Joer 1999 dunn ass d'Decisioun gefall, de Grand-Duc Jean huet dem Land an der Chrëschtusprooch seng Demissioun annoncéiert.
Grand-Duc Jean: Ech hunn d'Gefill, d'Zäit wär komm, d'Verantwortung der nächster Generatioun z'iwwerdroen. De Prënz Henri huet als mäi Lieutenant-Représentant jo bewisen, wat fir eng héich Opfaassung hie vu senge Flichte géintiwwer dem Land huet. Dofir hunn ech d'Decisioun geholl, d'Autoritéite vum Land ze consultéieren. Ech siche mat hinnen, de richtegen Dag nom Schoulufank am September vum Joer 2000, wou de Prënz Henri d'Spëtzt vum Land iwwerhëlt, an dat am volle Vertraue och vun iech, léif Matbierger.
De 7. Oktober 2000 leet den neien Grand-Duc Henri säin Eed of, vun där Zäit u verbréngt säi Papp d'Pensioun zu Fëschbech. An deem Schlass verscheed am Januar 2005 d'Grande-Duchesse Charlotte.
Trauer a Freed wiessele sech och um Haff of, esou och fir de Grand-Duc Jean, deen haut viru 5 Joer säin 90. Gebuertsdag konnt celebréieren. Den Ierfgroussherzog Guillaume hat dës Wierder deemools fonnt...
Ierfgroussherzog Guillaume: L'amour que tous les luxembourgeois ont pour vous, est bien mérité. Ainsi que celui, que tous vos petits enfants vous portent de manière très spéciale.
An de Grand-Duc Jean bestécht och nach am héijen Alter duerch säi viven Interessi u Land, Leit a Politik. Besonnesch um Häerz leien him Ëmwelt- an Natursujeten grad wéi de Scoutissem. Ëmmerhinn ass de fréiere Staatschef nach ëmmer Chef-Scout an interesséiert sech dru wat seng "Meedercher a Jongen" an deem Mouvement maachen.

Seng Kanner, 22 Enkelkanner an eng hallef Dosen Ur-Enkelen wënschen haut dem Grand-Duc Jean fir säi 95. Gebuertsdag. Mir schléissen eis op dëser Plaz mat de beschte Wënsch vun Zefriddenheet a Gesondheet un.
AUDIO: 95. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean / Reportage vum Roy Grotz