Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?

© RTL-Archiv
Pénktlech fir d’Rentrée start eng nei Serie op RTL an där den Tim Morizet mat Iech all Méinden op d'Déngschtleeschtunge vun der CNS ageet.
Wann een zu Lëtzebuerg schafft, dann ass een och zu Lëtzebuerg verséchert. Déi Europäesch Regelung gesäit vir, datt jiddereen, deen an engem Land schafft och do seng Beiträg un d'Securité Sociale muss cotiséieren. Et bezilt een dowéinst och zu Lëtzebuerg an, wann een an der Belsch, Frankräich oder Däitschland wunnt.
Am 3. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS stellt den Tim Morizet sech d'Fro: Wéini sinn ech offiziell Frontalier a wat sinn d'Servicer, déi CNS mir als Grenzgänger bitt?
Et ass ee Frontalier zu Lëtzebuerg, wann een am Grand Duché schafft an op d'mannst eemol d'Woch nees zeréck a säi Wunnland fiert.
Den Unmellungsprozess ass ähnlech wei bei engem Lëtzebuergesche Matbierger. An enger éischter Phas gëtt een, d'nämmlecht wéi wann een zu Lëtzebuerg wunnt, vu sengem Patron bei der CCSS, dem "Centre commun de la sécurité sociale" ugemellt.
Domat ass den Frontalier vun dann un zu Lëtzebuerg an am Ausland assuréiert. Awer nach net am Wunnland, erkläert de Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS. Fir och am Wunnland kënne verséchert ze sinn, muss ee sech nämlech do an enger Keess aschreiwen, dat mat engem Formular, deen een automatesch zu Lëtzebuerg kritt, wann de Patron een umellt.
Wéi eng Prestatiounen kritt den Frontalier dann? E klengt Beispill?
"E Frontalier kritt a Frankräich nëmmen déi franséisch Fraise rembourséiert. Déi aner Fraise ginn zu Lëtzebuerg rembourséiert.", esou de Gaston Fischer.
Fir d'Dokter oder aner Remboursementer kann een als Frontalier seng Rechnungen aus dem Wunnland nëmme bei senger lokaler Keess areechen. Déi aner muss een, wéi e Lëtzebuerger Assuré, un d'CNS schécken.
Wa Familljememberen net anescht kënnen ugemellt ginn, gi se och bei der Gesondheetskeess als Co-Assuré matgeholl. Fir Prestatioune musse se sech awer och un déi Keess vun deem Land, wou se wunnen, halen. Déi decidéiert nämlech wien als Co-Assuré a Fro kënnt.
Weider wichteg ass, datt wann een als Frontalier eppes Gréisseres am Ausland (also net zu Lëtzebuerg) vir huet, ewéi zum Beispill eng Operatioun, soll ee sech gutt am viraus bei der CNS informéieren a Bescheed soen. Déi Persoun muss op der Lëtzebuerger Keess eng Autorisatioun ufroen, fir sech kënnen am Ausland behandelen ze loossen, ausser e léisst sech an deem Land behandelen, wou e wunnt a wou seng Keess zoustänneg ass.
Wann een op e eemol sollt Aarbeschtsonfäeg ginn, muss ee säin original Krankeschäin virum Oflaf vum 3. Dag un d'CNS schécken. Net un d'Keess a sengem Wunnland, och wann de Krankeschäin aus sengem Land ass.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Den nächste Méindeg geet et weider mat engem Iwwerbléck iwwert d'Prestations en nature vun der Gesondheetskeess zu Lëtzebuerg.