Bezuelten Dokteschrechnungen, just e puer Prozent vun de Medikamenter bezuelen... dat fält alles an d'"Prestation en nature" vun der CNS.

Dokteschrechnungen, déi een zeréck bezuelt kritt, kee volle Präis an der Apdikt musse bezuelen, fir seng Medikamenter. Dëst si just e puer vun de "prestations en nature" déi d'CNS offréiert.

Am 4. Deel vun eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess gëtt den Tim Morizet eng kuerz Iwwersiicht vun dëse Prestatiounen a wat ee ka maachen, wann déi finanziell Lag Doheem net esou gemittlech ass.

AUDIO: CNS-Serie (4. Deel): Prestations en nature

Eng ganz Rei vun den medezinesche Prestatioune ginn zu Lëtzebuerg direkt mat der CNS ofgerechent. Fir déi aner Servicer, wou den Assuré muss d'Suen virstrecken, gëllt de Prinzip, datt een d'original Rechnung, d'Matricule an den Beweis, datt d'Rechnung bezuelt ass, un d'CNS eraschéckt. Da kritt een och seng Part rembourséiert.

Den Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS, gëtt eng kuerz Iwwersiicht wat alles vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt: Rechnunge vum Dokter an Zänndokter, Kinesitherapie, Massage, Infirmier, Hiewan, Bluttanalysen, all Zorte vu Protheesen, Medikamenter an aner medezinesch Hëllefsmëttel, Traitementer an den Openthalt am Spidol, verschidde Kuren, den Transport an der Ambulanz an d'soins palliatifs.

Fir Bierger mat engem méi knappen Akommes oder finanzielle Schwieregkeete gesäit den Code de la Sécurité Sociale an d'Gesondheetskeess verschidde Méiglechkeeten vir, déi een notzen kann. Enner anerem d'assistance exceptionnelle.

Wann een eng Rechnung mat engem héije Montant (iwwer 250 Euro) huet, déi een net direkt ka bezuelen, kann ee sech un d'CFS wenden. Do kann een dann eng schrëftlech Demande erareechen, fir datt d'CNS hiren Deel direkt un de Prestataire iwwerweist. Dës Rechnung däerf awer net méi al wéi 3 Méint sinn.

Déi aner Méiglechkeet ass den tiers payant social. Fir awer vun deem kënnen ze profitéiere muss den Assuré sech un den office social vun senger Gemeng wenden. Dësen decidéiert d'Konditioune vum TPS-System individuell. D'Gesondheetskeess huet hei kee Matsproocherecht.

Mat der positiver Bestätegung, gëtt deen Ament en Titel ausgestallt vun entweder 3, 6, oder 12 Méint. Dee kann duerno och nach puermol verlängert ginn.

Mat dësem Titel kritt een dann och en Block mat Etiquetten. Déi gëtt een dem Dokter of, dee päscht se op d'Rechnung a schéckt déi bei d'CNS eran, fir seng Suen ze kréien.

All Bierger zu Lëtzebuerg huet och d'Recht op e komplementare Remboursement. D'Gesetz gesäit vir, datt engem Assuré seng jäerlech Participatioun net méi héich wéi 2.5 Prozent vu sengem revenu cotisable däerf sinn. Wann den Assuré méi muss bäileeën, kann een eng Demande maache fir e komplementare Remboursement ze kréien.

Souvill fir dës Woch, en nächsten Méindeg geet et weider mat Detailer zum Remboursement vun den Zänn.