Den Nicolas Schmit fuerdert e Changement an der Asylpolitik, dat ass eng aner Linn wéi déi ablécklech vun der Regierung a vum Ressortminister Asselborn.

D'Opnamcapacitéit wier begrenzt an dowéinst hätt hien eng gewësse Sympathie fir dat, wat déi éisträichesch Regierung proposéiert. D'Demande vun de Flüchtlinge sollen an hire Länner gemaach ginn, éier se also an d'EU kommen, esou de Minister Nicolas Schmit um Freideg am Wort.

Seng Aussoe géife vläicht deen een oder anere schockéieren, mä eng aner Asylpolitik wär néideg. Hie selwer hätt an deem Punkt seng Meenung geännert.

Den Nicolas Schmit war 9 Joer laang Immigratiounsminister. U villes, un dat en deemools gegleeft hätt, géif hien haut net méi gleewen. D'EU hätt versot an de Problem géif een net geléist kréien, just andeems een op eis mënschlech Wäerter verweist a schéi Rieden hält.

De Minister Schmit seet am Interview, hie géif wëssen, datt op d'mannst een an der Regierung eng aner Meenung hätt wéi hien, mä hien hätt e Recht op seng perséinlech Meenung.

Am Interview seet den Aarbechtsminister iwwregens och, datt hie prett ass, d'nächst Joer nees mat an d'Wahlen ze goen. Wa seng Partei e freet.

De Minister ass och e Samschdeg eisen Invité am Background am Gespréich.