Iwwert de Weekend1.209 positiver bei 3.427 Tester, ee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.085 geklommen ass.
© RTL Archivbild

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.284.532 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,19. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 5,92 Prozent. (21 positiver bei 355 Tester)

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO