
Wann d'Regierung eng Nott géif kréien, da wier et eng "genügend". Esou huet den ACEL-President Mattis Noël de Mëtt-Legislatur-Bilan vun der Studentenorganisatioun op Nofro hin zesummegefaasst. Wéi zefridde si insgesamt sinn, géif awer staark vun den Dossier ofhänken.
De gréisste Kritikpunkt bleift de Studentelogement. An enger Ëmfro, un där och iwwer 300 Studente vun der Uni Lëtzebuerg deelgeholl hunn, ass erauskomm, dass vill Jonker den Zougang zu enger Studentewunneng als schwiereg erliewen. "Mir hunn do eng Fuerderung vun 1.600 Studentewunnenge bis 2030. Déi mussen awer eiser Meenung no bis 2028 an Optrag goen, fir dass et nach an dës Legislaturperiod fält an net op déi nächst Regierung weidergi gëtt", seet den ACEL-Vizepresident Pit Feltes.
Nieft dem Manktem u Wunnraum gesäit d'ACEL och e Problem bei den ënnerschiddleche Reegelunge fir Studentewunnengen an de Gemengen. Dofir fuerdert d'Associatioun e nationaalt Studentewunnengsgesetz bis 2028. "Mir fannen et schued, dass et Gemenge gëtt, déi de Promoteuren éischter nach Steng an de Wee leeën, fir Studentewunnengen ze bauen. Mir fuerderen dofir e Studentewunnengsgesetz, fir datt et einfach eenheetlech Reegele gëtt. Mir wieren och gären dobäi, wann dat Gesetz verhandelt gëtt", betount de Pit Feltes.
Och bei der Mobilitéit gesäit d'ACEL Verbesserungspotential. Gratis ëffentlechen Transport géif eleng net duergoen, well vill Studenten nach ëmmer laang Trajeten oder onpraktesch Connexiounen hätten. D'Associatioun schwätzt sech dofir fir méi flexibel On-Demand-Offeren am ländleche Raum an zousätzlech Park-and-Ride-Méiglechkeeten aus.
Méi kritesch fält de Bilan da beim Stagegesetz aus. Zwar begréisst d'ACEL, datt Stage vun iwwer véier Woche bezuelt musse ginn, mee dem Pit Feltes no feelt et nach ëmmer un der néideger Opklärung: "Et ass esou, dass vill Patronen a Stagiairen dat net wëssen. A vill Stagiairen trotzdeem kee Stage kréien, well de Patron nach net weess, dass en net muss bezuelen, mee de Ministère dat iwwerhëlt."
Doriwwer eraus géif et och bei de Sozialversécherungsreegelen Onkloerheete ginn. Hei hätt d'ACEL Feedback vu Stagiaire kritt, dass si misste cotiséieren, wéi wa se 100 Prozent vum Mindestloun verdéngen, dobäi wier dat awer net de Fall.
Méi positiv fält de Bilan bei der Reform vun der AideFi aus. Hei wier d'ACEL vun Ufank un an d'Aarbechte vun der Regierung agebonne gewiescht. De méi niddregen Zënssaz vum Studenteprêt, eng méi héich Mobilitéitsbourse an déi nei Méiglechkeet, och als Deelzäitstudent finanziell Hëllefen ze kréien, wieren aus Siicht vun der Studentenorganisatioun konkret Verbesserungen.