
Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad waren op der Plaz, grad wéi d'Ambulanz aus der Stad.
Da mellt de CGDIS nach en Accident an der Grand-Rue zu Rëmeleng, wou kuerz virun 8 Auer eng Persoun ugestouss a liicht blesséiert gouf. Op der Plaz war d'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Rëmeleng
Déi selwecht Zäit sinn an der Rue Charles Darwin an der Stad e Camion an en Auto net laanschtenee komm, och hei gouf eng Persoun liicht verwonnt. D'Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.