
En Donneschdeg géint 10:15 Auer goufen der Police dräi alkoholiséiert Männer op der Gare zu Kautebaach gemellt, vun deenen een eng Machete bei sech gehat soll hunn. Wéi d'Beamten op der Plaz ukomm waren, hu si ee vun de Männer op enger Bänk schlofe gesinn. Déi gemellte Machete war dobäi an engem oppene Rucksak nieft dem Mann ze gesinn a gouf doropshi saiséiert. D'Police konnt duerno och déi zwou aner Persounen am Zuch untreffen. Bei de Kontrolle gouf dann nach ee Bolzeschneider fonnt, deen net eendeiteg zu de Persounen zougedeelt konnt ginn an dowéinst och saiséiert gouf. E Protokoll wéinst Besëtz vun enger verbuedener Waff gouf erstallt.
An der Nuecht op e Freideg krut d'Police dann nach Informatiounen zu enger Persoun, déi am Beräich vun der Rue Aloyse Meyer an der Stad Autoen, déi geparkt waren, beschiedegt hu soll. Op der Plaz hunn d'Policebeamte véier Gefierer constatéiert, déi beschiedegt waren. Dorënner war eng Fënster, déi ageschloe war, sou wéi weider Krazspueren an och Plazen, op déi ageschloe gouf. Nieft deenen Autoen, déi betraff waren, gouf och Geschier fonnt, dat warscheinlech fir d'Beschiedegungen an den Asaz komm war. No enger éischter Sichaktioun ouni Succès konnt d'Police eng verdächteg Persoun untreffen, déi bei d'Beschreiwung vun Zeie gepasst huet. No enger kuerzer Poursuite ze Fouss konnt dës gestallt ginn.
Ee weidere Virfall gouf et an der Nuecht op e Freideg dann nach um Biisserwee am Gronn. Hei gouf der Police ee versichte gewalttätegen Déifstall gemellt. Ee Mann gouf dobäi vun zwou maskéierte Persounen ugeschwat, déi zesummen op engem Vëlo ënnerwee waren. Ee vun deenen Zwee huet dann de Mann opgefuerdert, säin Handy ze ginn. Wéi dee refuséiert huet, hätt de Verdächtegten ee Messer gezunn an d'Affer menacéiert. De Mann ass doropshi geflücht an och déi aner zwou Persounen um Vëlo hu sech duerch d'Bascht gemaach. D'Sichaktioun vun der Police war ouni Succès.