Chambre des SalariésOb am Privatsecteur oder beim Staat: Ëmmer méi Leit hu Suizidgedanken

RTL Lëtzebuerg
An deem Kader mécht d'Chambre des Salariés en Appell, virun allem wat d'Aarbechtskonditioune betrëfft.
© RTL Archiv

Ronn all 15. Salarié am Privatsecteur respektiv Mataarbechter beim Staat soll zejoert Suizidgedanke gehat hunn. Dat sinn der dräi Mol esou vill, wéi nach 10 Joer virdrun. Dës Donnéeën aus enger gréisserer Ëmfro hieft d‘Chambre des Salariés an hirer aktueller Publikatioun ervir. D‘Belaaschtungen am Beruff wieren immens grouss, wat esouwuel déi mental a physesch Gesondheet negativ beaflosst.

Wéi d‘Salariatskummer betount, kann een net kloer soen, datt dat eent dat anert ausléist, ëmmerhin hätt Suizid seelen nëmmen een Ausléiser. Allerdéngs géifen dës Donnéeë weisen, datt d'Aarbecht d'Leit esouwuel schützen, wéi och belaaschte kann.

Et ass deemno den Appell vun der Chambre des Salariés un d‘Employeuren Aarbechtskonditiounen ze schafen, déi op d‘Wuelbefanne vun de Leit oppassen an doduerch bei der Preventioun vu Suizid mathëllefen.

IDÉES SUICIDAIRES ET QUALITÉ DE VIE AU TRAVAIL AU LUXEMBOURG: QUE RÉVÈLENT LES DONNÉES DU QUALITY OF WORK INDEX 2025 ?
BetterWork_04-2026-DE.SUIZIDGEDANKEN UND LEBENSQUALITÄT AM ARBEITSPLATZ IN LUXEMBURG:WAS ZEIGEN DIE DATEN DES QUALITY OF WORK INDEX 2025?
SUICIDAL THOUGHTS AND QUALITY OF LIFE AT WORK IN LUXEMBOURG: WHAT DO THE 2025 QUALITY OF WORK INDEX DATA SHOW?

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO