
Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.291.865 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 479 waren ergänzend Dosen, wärend 3 Leit eng zweet Dosis kruten a fir 3 Persoune war et déi alleréischt Impfung.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.