Keng Ännerung fir d'LeitDen Éischt-Klass-Supplement fir Doktere bleift erhalen

Michèle Sinner
Den Éischt-Klass-Supplement bei de Spidolsopenthalter bleift erhalen. Sou steet et an de groussherzoglech Reglementer, déi d’Konventiounen tëscht der Gesondheetskeess CNS an den Dokteren, respektiv den Zänndokteren, sollen ersetzen.
© AFP (Archiv)

D’Projete vun deene Reglementer, déi RTL virleien, gesinn also vir, datt d’Spidolsdoktere bei Patienten, déi am Spidol op eegene Wonsch en Eenzelzëmmer hunn, e Supplement vu 66 Prozent um normalen Honoraire kënne verrechnen.

Déi Reglementer sollen am Oktober d’Konventiounen ersetzen, mat deenen d’Dokteren an Zänndokteren un d’Gesondheetskeess gebonne sinn. Hir Associatioun AMMD hat déi Konventioun d’lescht Joer gekënnegt an hir Ënnerschrëft op eng nei Konventioun u verschidde Fuerderunge gebonnen. Ma d’Mediatioun tëscht CNS an AMMD ass Uganks dës Mounts echouéiert.

D’Reglementer iwwerhuelen och d’Codë fir d’Convenance personelles, déi sougenannt "CPen". Dës spille virun allem bei den Zänndokteren eng grouss Roll, fir d’Prestatiounen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn, ze facturéieren.

Ausserdeem sinn och Dispositioune virgesinn, fir de Paiement Immédiat Direct (PID) z’iwwerhuelen, also dee System, duerch deen d’Patienten deen Deel vun der Dokteschrechnung net méi musse virstrecken, deen d’CNS iwwerhëlt.

Datt de Supplement fir d’1. Klass an de Reglementer erëmgeholl gëtt, ass eng gutt Nouvelle fir d’Spidolsdokteren, déi soss manner Honorairen hätte kënne facturéieren. Ob se kéinten iwwerholl ginn, gouf am Virfeld diskutéiert, well en zanter Joren net méi am Gesetz virgesinn ass. De Conseil d’État muss d’Reglementer awer nach préiwen.

Back to Top
CIM LOGO